Verbuet vun onnéidege Plastiksverpackungen bei Uebst, Geméis an Eeër

Public petition n°1489

Petitioner: David Holcher

Purpose of the petition

Reduzéieren vun Plastiksverpackungen an deemno och Plastiksoffall

Reason for the petition

An dëser Petitioun geet et drëm onnéideg Plastiksverpackungen ze verbidden. Haaptsächlech geet et hei em Uebst, Geméis an Eeër. Et ginn ëmmer méi Natierlech Produkter a Plastik ageschweesst déi eigentlech vun Natur aus eng "Verpackung" hunn. An diversen Butteker gesäit een Kornischongen, Paprika, Bananne an nach aner Uebst a Geméis dat a Plastik verpak ass dat war soss net de Fall an dat ass och absolut net néideg. Wat och an verschiddene Butteker verkaf gëtt sinn Eeër déi haart gekacht, geschielt an dann a Plastik verpak ginn oder réi Eeër déi a Plastik verpak sinn. Dat dierf einfach net sinn an dofir soll dat verbuede ginn. U sech sollen allgemeng all Plastiksverpackungen déi net noutwenneg sinn verbuede ginn. D' Vollek kritt permanent gesot et misst een Klimaziler erreechen an CO2 reduzéieren. Dat hei ass mol en Ufank e gudden deel anzespueren.

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 949 were valid.

Verified signatures

949 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

02/02/2020

Opening of the signature collection

15/04/2020

Additional information