Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten - Petitions
Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten
Public petition n°1394
Petitioner: Franky Gilbertz
Object of the petition
Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng reell Chance ze ginn och an d'Zukunft villfälteg ze bleiwen. Mer mussen eis bewosst si wat mer maachen. An haut d'Weiche fir muer leeën ass ëmsou méi wichteg, well mer duerch Bäiträg aus internationale Studie Fakten erausschiele kënnen an deemno ganz geziilt agéiere kënnen. Esou ass et zum Beispill kee Geheimnis méi, dass d'Beie fir eis als Mënschen enorm wichteg sinn. Si sinn ee Vektor fir de Fortgang vum Liewen tout court. Deelweis gi schonn eis Schoulkanner geléiert den Ëmgang mat de Beien ze beherrschen an ze wësse wéi wichteg dat kleng Liewewiese fir d'Natur, spréch d'Flora an d'Fauna ass. No baussen hin muss also deem nach een drop geluecht gi fir dass och de grand public weess, dass de Beie muss gehollef ginn. Dofir sinn ech der Meenung, dass mer eis um Beispill vun der hollännescher Staat Utrecht orientéiere sollen an eng étude de faisabilité solle lancéiere fir eis Bushaisercher (aubettes) am Land (do wou et méiglech ass) mat enger Daachbegrünung, déi speziell de Beien eng Nahrungsquell (vu fréi bis spéit am Joer) bitt. Mer wëssen, dass der Maachbarkeet vun esou Projeten haut keng Grenze méi gesat sinn an d'Iddie villfälteg sinn. Nieft dem Ubidde vu Nahrung un d'Beien, kënnen d'Daachbegrünunge vu Bushaisercher dem Mënsch zousätzlech Elementer liwweren: si spenden een Deel Schiet wann et waarm dobaussen ass, si kënnen d'Klima ënner dem Bushaischen also e bësse reegelen, si sinn eng Aart Filter fir d'Loft (well se een Deel vum ""Knascht"" aus der Loft opfänken) a si kënnen een Deel vum Reewaasser sënnvoll späicheren, nämlech fir d'Gréngs, dat um Bushaische wiisst a geplanzt ass.
Reason for the petition
Dës Petitioun soll d''Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn. D''Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ergo och mat dofir verantwortlech sinn, dass Uebst a Geméis wiisst) - a last but not least d''Natur (Flora a Fauna) - seet eis schonns am Viraus ee grousse Merci. Mer hunn eist eegent Liewe selwer an der Hand. Mä grad esou hu mer (leider) och d'Liewe vun de Beien, Bommelen an aneren Insekten an der Hand, déi en revanche eist Liewen op eng gewëssen Aart a Weis an der Hand hunn. Hëllefe mer hinnen elo net duerch kleng geziilten Aktioun wéi dës Iddi mat der Daachbegrünung vun de Bushaisercher, stierwen se aus, well se fréi oder spéit keng Nahrungsquelle méi hunn. An domadder läsche mer eis no a no selwer aus. Well mer wëssen all zegutt: keng Beien, Bommelen an aner Insekte méi, dat heescht keng Bestëbsung vun de Bléie méi, déi absolut noutwenneg ass fir dass Uebst a Geméis ka wuessen, also iergendwann och kee Mënscheliewe méi. A ass an eisem Intressi eise fläissege Frënn ze hëllefen. Si hëllefen eis am Alldag. Also si mer verflicht hinnen och ze hëllefe wa mer eis net selwer ausrotte wëllen. D'Zäit leeft!
Key information
Closed
Submission date
27/09/2019
Opening of the signature collection
18/10/2019
Additional information
Petition background
09/01/2020
Closing statement
08/01/2020
The public petition n°1394 is closed on 08-01-2020
Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
06/12/2019
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
04/12/2019
The threshold of 4,500 signatures is not reached for the public petition n°1394, on 04-12-02019 - Number of signatures after validation: 194
04/12/2019
Validated electronic signatures: 194
29/11/2019
The period for signing the public petition n°. 1394 is closed on 29-11-2019 - Number of electronic signatures before validation: 195
18/10/2019
The public petition n°1394 is open for signature, on 18-10-2019
17/10/2019
Statement of admissibility
17/10/2019
The public petition n°1394 was declared admissible by the Committee on Petitions on 17-10-2019
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 18-10-2019 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 28-11-2019 at 11:59 p.m.
16/10/2019
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1394, on 16-10-2019
Opinion of the Committee on Petitions: positive
27/09/2019
The petition public n°1394 is submitted the 27-09-2019
Title of the petition: Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten Aim of the petition: Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng reell Chance ze ginn och an d'Zukunft villfälteg ze bleiwen. Mer mussen eis bewosst si wat mer maachen. An haut d'Weiche fir muer leeën ass ëmsou méi wichteg, well mer duerch Bäiträg aus internationale Studie Fakten erausschiele kënnen an deemno ganz geziilt agéiere kënnen. Esou ass et zum Beispill kee Geheimnis méi, dass d'Beie fir eis als Mënschen enorm wichteg sinn. Si sinn ee Vektor fir de Fortgang vum Liewen tout court. Deelweis gi schonn eis Schoulkanner geléiert den Ëmgang mat de Beien ze beherrschen an ze wësse wéi wichteg dat kleng Liewewiese fir d'Natur, spréch d'Flora an d'Fauna ass. No baussen hin muss also deem nach een drop geluecht gi fir dass och de grand public weess, dass de Beie muss gehollef ginn. Dofir sinn ech der Meenung, dass mer eis um Beispill vun der hollännescher Staat Utrecht orientéiere sollen an eng étude de faisabilité solle lancéiere fir eis Bushaisercher (aubettes) am Land (do wou et méiglech ass) mat enger Daachbegrünung, déi speziell de Beien eng Nahrungsquell (vu fréi bis spéit am Joer) bitt. Mer wëssen, dass der Maachbarkeet vun esou Projeten haut keng Grenze méi gesat sinn an d'Iddie villfälteg sinn. Nieft dem Ubidde vu Nahrung un d'Beien, kënnen d'Daachbegrünunge vu Bushaisercher dem Mënsch zousätzlech Elementer liwweren: si spenden een Deel Schiet wann et waarm dobaussen ass, si kënnen d'Klima ënner dem Bushaischen also e bësse reegelen, si sinn eng Aart Filter fir d'Loft (well se een Deel vum "Knascht" aus der Loft opfänken) a si kënnen een Deel vum Reewaasser sënnvoll späicheren, nämlech fir d'Gréngs, dat um Bushaische wiisst a geplanzt ass. Motivation of the general interest of the petition: Dës Petitioun soll d'Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn. D'Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ergo och mat dofir verantwortlech sinn, dass Uebst a Geméis wiisst) - a last but not least d'Natur (Flora a Fauna) - seet eis schonns am Viraus ee grousse Merci. Mer hunn eist eegent Liewe selwer an der Hand. Mä grad esou hu mer (leider) och d'Liewe vun de Beien, Bommelen an aneren Insekten an der Hand, déi en revanche eist Liewen op eng gewëssen Aart a Weis an der Hand hunn. Hëllefe mer hinnen elo net duerch kleng geziilten Aktioun wéi dës Iddi mat der Daachbegrünung vun de Bushaisercher, stierwen se aus, well se fréi oder spéit keng Nahrungsquelle méi hunn. An domadder läsche mer eis no a no selwer aus. Well mer wëssen all zegutt: keng Beien, Bommelen an aner Insekte méi, dat heescht keng Bestëbsung vun de Bléie méi, déi absolut noutwenneg ass fir dass Uebst a Geméis ka wuessen, also iergendwann och kee Mënscheliewe méi. A ass an eisem Intressi eise fläissege Frënn ze hëllefen. Si hëllefen eis am Alldag. Also si mer verflicht hinnen och ze hëllefe wa mer eis net selwer ausrotte wëllen. D'Zäit leeft!
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 194 were valid.
Verified signatures
194 / 4 500