Gratis an beheizten Toiletten fir Buschauffeur'en op all Terminus - Petitions

Loading

Gratis an beheizten Toiletten fir Buschauffeur'en op all Terminus

Public petition n°4319

Petitioner: Mathis Lanners

This petition is available in other languages:

Object of the petition

Dës Petitioun fuerdert d'Installatioun vu gratis, propperen a beheizten Toiletten op all Bus-Endhaltestell zu Lëtzebuerg, onofhängeg vum Busbetrib. D'Toilette solle mat enger Méiglechkeet fir d'Hänn mat Waasser a Seef ze wäschen equipéiert sinn an ausschliisslech fir Buschaufferen iwwer hir perséinlech Kaart zougänglech sinn. D'Zil ass et, de Buschaufferen onofhängeg vun hirem Employeur, hirer Linn oder hirer Schicht Zougang zu elementare sanitären Ariichtungen ze garantéieren. Dofir sollen déi zoustänneg Autoritéiten eng verbindlech Reegelung aféieren, déi d'Installatioun, d'Reegelméissegkeet vun der Botz an den Ënnerhalt vun dësen Toiletten assuréiert.

Reason for the petition

D'Feele vun Toiletten op ville Bus-Endhaltestelle stellt e reelle Problem fir d'Gesondheet, d'Hygiène an d'mënschewierdeg Aarbechtsbedingungen vun de Buschaufferen zu Lëtzebuerg duer. Si schaffen zu verschiddenen Dages- an Nuetszäiten a kënnen net ëmmer op eng Toilette an engem Café, enger Tankstell oder engem anere Gebai zeréckgräifen. Besonnesch moies fréi, owes spéit an an der Nuecht ass den Zougang dacks net garantéiert. Keen soll gezwonge sinn, seng natierlech Besoinen iwwer eng laang Zäit zeréckzehalen, well déi néideg sanitär Ariichtungen op der Aarbechtsplaz feelen. Den Zougang zu enger Toilette mat enger Méiglechkeet fir d'Hänn ze wäschen ass eng grondleeënd Noutwendegkeet an däerf net vum Zoufall oder vun den Ëffnungszäiten vun aneren Ariichtungen ofhänken. D'Petitioun setzt sech dofir fir eng konkret a laangfristeg Léisung an: gratis, propper a beheizt Toiletten op all Bus-Endhaltestell, mat Zougang exklusiv fir Buschaufferen iwwer hir Kaart. Domat sollen d'Hygiène, d'Gesondheet an d'Aarbechtsbedingungen am ëffentlechen Transport verbessert an d'Aarbecht vun de Buschauffere méi respektéiert ginn.

Key information

Signature collection . Step 2 of 4

Submission date

21/10/2026

Opening of the signature collection

12/11/2026

Additional information

Signatures collection ongoing

The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.

Registered signatures

1 / 5 500