D'Nationalmusseën an der Stad Lëtzebuerg solle nees gratis ginn.

Public petition n°3980

Petitioner: Cédric Stemper

Object of the petition

Zanter ongeféier zeng Joer woren an der Stad d'Nationalmuséeën - Musée um Fëschmaart a Musée Dräi Eechelen - gratis. Zanter dem 1.1.2026 awer net méi. Dofir dës Petitioun, fir datt jiddereen nees fräien Accès zur Kultur kritt, wéi dat elo iwwert zéng Joer de Fall wor.

Reason for the petition

Zanter ongeféier zeng Joer woren an der Stad d'Nationalmuséeën - Musée um Fëschmaart a Musée Dräi Eechelen - nierft weidere Muséeën an der Stad wéi den "casino luxembourg forum d'art contemporain" gratis. Zanter dem 1.1.2026. ass dat awer, ouni weider grouss Ukënnegung, net méi de Fall an et muss een an de groussen staatleche Muséeën Entrée bezuelen, während méi kleng Häiser, wéi de schonn zitéierte Casino weiderhi gratis sinn. Et gi wuel och Méiglechkeete fir an de Genoss vu fräiem Entrée ze kommen, mais no net ëmmer einfach verständleche Kriteren (souwuel fir Lëtzebuerger, ewéi och fir Frontalieren an international Touristen) an net zu all Zäitpunkt. Dëst ass bedauerlech well Lëtzebuerg op villen touristesch orientéierte Beiträg an de soziale Medien ëmmer als déi Stat, déi et ze besiche gëlt präsentéiert gouf, well ënnert anerem den öffentlechen Transport gratis ass an eben déi grouss Muséeën gratis "sinn". A mir sou e Land sinn, wou d'Kultur fir jiddereen an ouni Aschränkungen zougänglech ass. Dëst wor jo och vrun ongeféier zéng Joer de Gedanken, wéi an dëse Kulturhäiser de fräien Entrée (bis op déi temporär Ausstellungen) agefouert gouf. Et ass erstaunlech datt d'Entrée net méi gratis ass, well doriwwer am Virfeld näischt ze héiere wor. Engem internationalen Tourist, dee seng Rees schonn vrun e puer Méint geplangt huet, ergeet et do wuel net besser. Dofir d'Uléies fir déi grouss, national Muséeën nees sou fräi zougänglech ze maachen, wéi dat nach op den 31.12.2025 de Fall wor. Dëst net nëmmen fir all Lëtzebuerger weiderhin fräien Accès zur Kultur ze ginn, mais dass och deen bis elo ëmmer als positiv betruechten Aspekt weiderhi dem Touristesche Rayonnement ka vun Notzen sinn.

Key information

Signature collection

Submission date

13/02/2026

Opening of the signature collection

16/04/2026

Additional information

Signatures collection ongoing

The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.

Registered signatures

1 / 5 500

Share the petition