Fir de Schutz vun der Privatsphär a Sécherheet vu Kanner a Jonken an de Schoulen - Petitions
Fir de Schutz vun der Privatsphär a Sécherheet vu Kanner a Jonken an de Schoulen
Public petition n°3944
Petitioner: Théophile Schickes
Purpose of the petition
Ufro fir den aktuelle System vu getrennte Toiletten a Vestiairen an de Lycéeën an anere Schoulinstitutiounen bäizebehalen an op geplangten Ännerungen ze verzichten, déi d'Privatsphär, d'Sécherheet an d'Wuelbefanne vun de Schüler a Fro stellen.
Reason for the petition
No ëffentlechen Informatioune bestinn Iwwerleeungen, den aktuelle System vu getrennte Jongena Meedercherstoiletten an de Lycéeën ofzeschafen. Dës Iwwerleeunge werfen eescht Bedenke mat Bléck op d'Privatsphär, d'Sécherheet an d'Wuelbefanne vu Kanner a Jonken op. Toiletten a Vestiairen sinn intim Raim, déi direkt d'Recht op Privatsphär an op kierperlech a psychesch Integritéit betreffen. Kanner a Jugendlecher befannen sech an enger sensibeler Entwécklungsphas, an där Schamgefill, perséinlech Grenzen a psychesch Sécherheet eng zentral Roll spillen. Den aktuelle System vu getrennte Raim stellt eng bewäert a funktionéierend Schutzmoossnam duer, déi dëse Besoinen Rechnung dréit. Eng Opléisung vun dësem System géif e bestohende Schutzstandard ofbauen an Onwuelbefannen, Onsécherheet a psychosozial Spannungen am Schoulëmfeld riskéieren ze verstäerken. Zousätzlech stellt Mobbing schonn haut eng bedeitend Problematik am Schoulalldag duer. Net genuch geschützte Raim kënnen zu neie Risikozone ginn, an deenen et méi einfach ass, Schüler ze schikanéieren, auszeschléissen oder ze belästegen, besonnesch am Ëmfeld mat limitéierter Iwwerwaachung. De Bestand vu kloer getrennte Raim dréit zur Präventioun bäi an reduzéiert d'Gefor vu Grenziwwerschreidungen. Aus juristescher Siicht ass de Schutz vu Kanner a Jonken eng staatlech Verpflichtung. D'UNO-Kannerrechtskonventioun, déi zu Lëtzebuerg gëlteg ass, schreift vir, datt bei allen Entscheedungen, déi Kanner betreffen, d'Wuel vum Kand als héchste Prinzip ze berécksiichtegen ass. Si verpflicht de Staat zousätzlech, Kanner viru Gewalt, Belästegung a degradéierender Behandlung ze schützen. Zousätzlech gëllt de Prinzip vun der Verhältnisméissegkeet Moossnamen, déi Schutzmechanismen ofbauen. Am virleiende Fall ass net ersiichtlech, datt d'Ofschafe vu getrennte Toiletten a Vestiairen néideg wier, virun allem well deen aktuelle System funktionéiert an zum Schutz vun de Schüler bäigedroen huet. Weider stellt sech d'Fro no der Transparenz an der Bedeelegung vun den direkt Betraffenen. Et ass net bekannt, datt am Virfeld systematesch Ëmfroen oder Consultatioune mat de Schüler, den Elteren oder dem Léier- an Erzéiungspersonal duerchgefouert goufen. Grad bei esou sensiblen Themen wier eng breet an dokumentéiert Consultatioun essentiell gewiescht. Och d'Roll vun den Elteren, déi eng zentral Verantwortung am Schutz vu Kanner droen, schéngt net berécksiichtegt ginn ze sinn. Zousätzlech bleift onkloer, op wéi enger konkreter Problemanalys oder Noutwendegkeet dëse geplangte Richtungswiessel baséiert. D'Schoul muss eng secher Plaz bleiwen. De Bestand vum aktuelle System vu getrennte Toiletten a Vestiairen dréit wesentlech zur Privatsphär, Sécherheet a psychescher Gesondheet vu Kanner a Jonken bäi a läit kloer am ëffentlechen Interêt. D'Zil vun dëser Petitioun ass et dofir, de Status quo ze sécheren an ze verhënneren, datt ouni breet gesellschaftlech Consultatioun an ouni kloer rechtlech Grondlag bewäert Schutzmechanismen ofgeschaaft ginn.
Signatures collection ongoing
The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.
Registered signatures
11 / 5 500
Key information
Signature collection
Submission date
27/01/2026
Opening of the signature collection
05/02/2026
Additional information
Petition background
Petition signatories
05/02/2026
The public petition n°3944 is open for signature, on 05-02-2026
04/02/2026
The public petition n°3944 was declared admissible by the Committee on Petitions on 04-02-2026
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 05-02-2026 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 18-03-2026 at 11:59 p.m.