Méi ambitiéis Klimazieler - Petitions
Méi ambitiéis Klimazieler
Public petition n°927
Petitioner: Mathieu Putz
Purpose of the petition
Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter). Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn: - Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien. - En attraktiven ëffentlechen Transport. - Staatlech Ënnerstëtzung fir d'Elektromobilitéit. - Eng Erhéijung vun de Steieren op all d'fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin. - Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn. - Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien.
Reason for the petition
Schonns elo entstinn duerch d'Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d'Natur a fir de Mënsch. D'Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d'Zukunftsperspektiven an d'Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D'Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z'ënnerhuelen. Ironesch ass, dass erneierbar Energie, 'par définition même', inevitabel ass. D'Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d'Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d'Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d'Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen. Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor. Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland. Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché. Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 178 were valid.
Verified signatures
178 / 4 500
Key information
Closed
Submission date
20/12/2017
Opening of the signature collection
18/01/2018
Additional information
Petition background
Petition signatories
18/04/2018
Closing statement
16/04/2018
The public petition n°927 is closed on 16-04-2018
Reason for closure: Pas de poursuite de l'instruction
06/03/2018
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
02/03/2018
The period for signing the public petition n°. 927 is closed on 02-03-2018 - Number of electronic signatures before validation: 178
02/03/2018
Validated electronic signatures: 178
02/03/2018
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°927, on 02-03-02018 - Number of signatures after validation: 178
18/01/2018
The public petition n°927 is open for signature, on 18-01-2018
17/01/2018
Statement of admissibility
12/01/2018
The public petition n°927 was declared admissible by the Committee on Petitions on 12-01-2018
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 18-01-2018 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 01-03-2018 at 11:59 p.m.
10/01/2018
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 927, on 10-01-2018
Opinion of the Committee on Petitions: positive
21/12/2017
The petition public n°927 is submitted the 21-12-2017
Title of the petition: Méi ambitiéis Klimazieler Aim of the petition: Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter). Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn: \u2022 Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien. \u2022 En attraktiven ëffentlechen Transport. \u2022 Staatlech Ënnerstëtzung fir d'Elektromobilitéit. \u2022 Eng Erhéijung vun de Steieren op all d'fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin. \u2022 Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn. \u2022 Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien. Motivation of the general interest of the petition: Schonns elo entstinn duerch d'Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d'Natur a fir de Mënsch. D'Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d'Zukunftsperspektiven an d'Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D'Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z'ënnerhuelen. Ironesch ass, dass erneierbar Energie, 'par définition même', inevitabel ass. D'Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d'Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d'Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d'Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen. Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor. Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland. Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché. Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.