Ofschafe vum Freedefeier op Nationalfeierdag

Public petition n°926

Petitioner: Mike Roderes

Purpose of the petition

Abolition du feu d'artifice à l´occasion de la fête nationale

Reason for the petition

Vu dass verschidde Gemengen de Lëtzebuerger Bierger verbidde wëllen, ee Freedefeier fir Sylvester ofzeschéissen, mam Argument dass eis Hausdéieren dëst fäerten, sollen d''Bierger d´Recht hunn der Regierung kloer ze maachen dass et net rechtens ass, eis eppes ze verbidden wat se selwer fir Nationalfeierdag zelebréieren. Mat wéi engem Recht mengt eis Regierung, datt si dem Bierger vum Lëtzebuerger Land eng Traditioun - déi mir aus eiser Täsch bezuelen - dierf verbidden, déi sie awer gläichzäiteg - op Käschten vum Bierger (bien entendu) - dierf zu Éiren vun eisem Nationalfeierdag ofhalen? Eis Hausdéieren maache komescherweis keen Ënnerscheed tëscht engem Freedefeier op Sylvester an engem Freedefeier op Nationalfeierdag! Ouni déi enorm Perte vum klenge Commerce a Betracht ze zéien! Dofir gëlt : Wann de Steierzueler et net dierf, dann dierf de Steierbedreiwer et och net! Dowéinst am Numm vun all deenen, déi dës Petitioun ënnerschreiwen : d´Freedefeier op Nationalfeierdag - dat nach ëmmer vun deene Leit finanzéiert gëtt, déi dës Traditioun verbuede kréien, mat effet immédiat ofschafen!

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 78 were valid.

Verified signatures

78 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

19/12/2017

Opening of the signature collection

25/01/2018

Additional information