Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen

Public petition n°911

Petitioner: Claude Feltgen

Purpose of the petition

Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d'Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d'"Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin", baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.

Reason for the petition

Collection of registered signatures

After analysing all the registered signatures, 439 were valid.

Verified signatures

439 / 4 500

Share the petition

Key information

Reclassification as an ordinary petition

Submission date

23/11/2017

Opening of the signature collection

06/12/2017

Additional information