Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy - Petitions
Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy
Public petition n°739
Petitioner: Christophe Allard
Object of the petition
Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt gi fir zumindest mol an eiser Chamber ee breeden Debat heiriwwer feieren ze kennen, an natierlech och dass an der Populatioun doriwwer geschwat gëtt.
Reason for the petition
Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche Géigenden ëmmer méi nidderloossen, an dat zemools am Éisleck. Mir schwätze vill vu Landesplanung, vu Mobilitéit a vun der Zouverlässegkeet vum Ëffentlechen Transport am allgemengen. Dozou gehéiert zu engem groussen Deel natierlech och eisen nationalen Zuchreseau. Et gëtt sech an der Populatioun doriwwer opgereegt dass e sech zum groussen Deel net op d´Pünktlechkeet vum Zuch verloosse kann, wat eng Ursaach dovunner ass, dass eis Zuchstrecken entweder scho saturéiert sinn, oder dass se einfach nach net komplett ausgebaut sinn esou wei een sech dat an engem 21ten Joerhonnert eigentlech géing wënschen. Dorënner fält natierlech zum Haaptdeel eis Nordstreck, Ligne 10! Bei engem Ausbau vun der Nordstreck op 2 Gleiser géing sech net nëmmen d`Pünktlechkeet vun eisen Zich verbesseren, mee als wichtegst Argument och d´Sécherheet op dëser Streck, woubäi mer jo alleguerte wësse wat Konsequenze vun engem eventuellen Zuchaccident kenne sinn... Et muss een net méi op ee verspéiten Zuch waarden, fir deen ze kräizen, fir selwer weider a Richtung Norden oder Süde fueren ze kennen, woubäi bei sou enger Situatioun d`Verspéidunge vun engem Zuch un deen anere weidergereecht ginn... Och am Fall vun enger Panne vun engem Zuch, dee sech dann op engem eegleisege Stéck befënnt, géing net direkt déi ganz Nordstreck brooch leien, mee et kéint een am Fall vun enger Zweegleisegkeet einfach op deem anere Gleis laanschtfueren. Landesplaneresch wär et natierlech och een Atout. Wann nei Betriber sech géingen op anere Platzen nidderloosse wei éiweg nëmmen an der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, géingen sech natierlech och ëmmer méi Leit am Éisleck eng Aarbechtsplaz sichen, an den Trafic, mat deem mer eis den Ament esou rondremploen, géing sech zu engem gewëssen Deel natierlech dann emverlageren amplaz dass jiddereen sech zu de Spëtzenzäiten ëmmer muss an d`Staat quëtschen. Ech sinn einfach der Meenung dass sech Argumenter wei Sécherheet, Pünktlechkeet, Attraktivitéit, Accessibilitéit an Zouverlässegkeet vun eisem Ëffentlechen Transport enorm géinge Verbessere wa mer een zweegleisegen Ausbau vun dëser Streck géingen an Ugrëff huelen. Wann d´Leit d´Certitude bis hunn, fir sécher a virun allem pünktlech kenne bei hirem Patron unzekommen, da sinn ech der Meenung dass den Zuch als Reckrad vun eisem Transportsytem hei zu Lëtzebuerg den Auto zu engem groussen Deel wäert ofléisen, wei se dat schonn an der Schwäiz Joer fir Joer erfollegräich beweisen.
Key information
Closed
Submission date
08/11/2016
Opening of the signature collection
05/12/2016
Additional information
Petition background
10/03/2017
The public petition n°739 is closed on 10-03-2017
Reason for closure: Pas de poursuite de l'instruction
06/02/2017
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
31/01/2017
Validated electronic signatures: 527
31/01/2017
The threshold of 4,500 signatures is not reached for the public petition n°739, on 31-01-02017 - Number of signatures after validation: 527
17/01/2017
The period for signing the public petition n°. 739 is closed on 17-01-2017 - Number of electronic signatures before validation: 531
05/12/2016
The public petition n°739 is open for signature, on 05-12-2016
01/12/2016
The public petition n°739 was declared admissible by the Committee on Petitions on 01-12-2016
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 05-12-2016 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 16-01-2017 at 11:59 p.m.
29/11/2016
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 739, on 29-11-2016
Opinion of the Committee on Petitions: positive
17/11/2016
The petition public n°739 is submitted the 17-11-2016
Title of the petition: Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy Aim of the petition: Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt gi fir zumindest mol an eiser Chamber ee breeden Debat heiriwwer feieren ze kennen, an natierlech och dass an der Populatioun doriwwer geschwat gëtt. Motivation of the general interest of the petition: Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche Géigenden ëmmer méi nidderloossen, an dat zemools am Éisleck. Mir schwätze vill vu Landesplanung, vu Mobilitéit a vun der Zouverlässegkeet vum Ëffentlechen Transport am allgemengen. Dozou gehéiert zu engem groussen Deel natierlech och eisen nationalen Zuchreseau. Et gëtt sech an der Populatioun doriwwer opgereegt dass e sech zum groussen Deel net op d´Pünktlechkeet vum Zuch verloosse kann, wat eng Ursaach dovunner ass, dass eis Zuchstrecken entweder scho saturéiert sinn, oder dass se einfach nach net komplett ausgebaut sinn esou wei een sech dat an engem 21ten Joerhonnert eigentlech géing wënschen. Dorënner fält natierlech zum Haaptdeel eis Nordstreck, Ligne 10! Bei engem Ausbau vun der Nordstreck op 2 Gleiser géing sech net nëmmen d`Pünktlechkeet vun eisen Zich verbesseren, mee als wichtegst Argument och d´Sécherheet op dëser Streck, woubäi mer jo alleguerte wësse wat Konsequenze vun engem eventuellen Zuchaccident kenne sinn... Et muss een net méi op ee verspéiten Zuch waarden, fir deen ze kräizen, fir selwer weider a Richtung Norden oder Süde fueren ze kennen, woubäi bei sou enger Situatioun d`Verspéidunge vun engem Zuch un deen anere weidergereecht ginn... Och am Fall vun enger Panne vun engem Zuch, dee sech dann op engem eegleisege Stéck befënnt, géing net direkt déi ganz Nordstreck brooch leien, mee et kéint een am Fall vun enger Zweegleisegkeet einfach op deem anere Gleis laanschtfueren. Landesplaneresch wär et natierlech och een Atout. Wann nei Betriber sech géingen op anere Platzen nidderloosse wei éiweg nëmmen an der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, géingen sech natierlech och ëmmer méi Leit am Éisleck eng Aarbechtsplaz sichen, an den Trafic, mat deem mer eis den Ament esou rondremploen, géing sech zu engem gewëssen Deel natierlech dann emverlageren amplaz dass jiddereen sech zu de Spëtzenzäiten ëmmer muss an d`Staat quëtschen. Ech sinn einfach der Meenung dass sech Argumenter wei Sécherheet, Pünktlechkeet, Attraktivitéit, Accessibilitéit an Zouverlässegkeet vun eisem Ëffentlechen Transport enorm géinge Verbessere wa mer een zweegleisegen Ausbau vun dëser Streck géingen an Ugrëff huelen. Wann d´Leit d´Certitude bis hunn, fir sécher a virun allem pünktlech kenne bei hirem Patron unzekommen, da sinn ech der Meenung dass den Zuch als Reckrad vun eisem Transportsytem hei zu Lëtzebuerg den Auto zu engem groussen Deel wäert ofléisen, wei se dat schonn an der Schwäiz Joer fir Joer erfollegräich beweisen.
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 527 were valid.
Verified signatures
527 / 4 500