Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën - Petitions
An internal error has occurred. Please try again later or contact support ( ID: 58542683-8089-445d-be41-5fa90bc568cd / Time: 2025-05-16T13:33:29 ).
Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën
Public petition n°698
Petitioner: Lucien Welter
Purpose of the petition
D'Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post oder per offizielle Communiqué, Lëtzebuergesch zu alleréischt benotzt soll ginn. Fir Auslänner, déi nach net der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn, soll automatesch op all Bréif eng Traductioun op franséisch an däitsch sinn. Ausserdeem soll erëm e Chamberbliedchen op Lëtzebuergesch publizéiert ginn. Dovunner ofgesinn soll dei franséisch Sprooch net méi vun der Regirung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn. D'Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun onser Nationalitéit a soll et och bleiwen. Déi am Virfeld schonn an de Gesetzestexter verankert Artikelen an och all Reglementer sollen doropshin ofgeännert ginn, fir dass ons Lëtzebuerger Sprooch erëm ons Haaptsprooch zu Lëtzebuerg gëtt.
Reason for the petition
Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Législateur gebraucht am Gesetz iwwert de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch (quell. Wikipedia) Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Art. 1er. Langue nationale: La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. Art. 2. Langue de la législation: Les actes législatifs et leurs règlements d´exécution sont rédigés en français. Lorsque les actes législatifs et réglementaires sont accompagnés d´une traduction, seul le texte français fait foi. Dëst Gesetz muss ofgeännert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng offiziell Orthographie, an der Annex de Lien vun dësem groussherzogleche Reglement. lien:http://www.cpll.lu/pdf/ortho_1975.pdf D'Europäesch Unioun (Ofkierzung: EU) ass eng Vereenegung vun 28 europäesche State mat enger totaler Awunnerzuel vu 490 Millioune Mënschen an ass um Bruttoinlandsprodukt gemooss de gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt. Dei eenzeg Sprooch, dei net am offiziellen Amtsblatt vun der EU vertrueden ass, ass Lëtzebuergesch, wat als Diskriminéierung unzegesinn ass. D'Regierung geet vun enger Awunnerzuel vun 1,2 Milliounen an nächster Zukunft aus. Domadder ass ons Nationalsprooch, ewéi d''Verfassung et virgesäit, zum Ausstierwe verdaamt. Et ass vun engem nationalen Interessi, dass ons Sprooch als national ewéi als 1. administrativ Sprooch erhale muss ginn.
Public debate
Key information
Threshold reached - a public debate will be organised
Submission date
16/08/2016
Opening of the signature collection
12/09/2016
Additional information
Petition background
Petition signatories
15/06/2018
Statement from the petitioner
14/02/2018
Government actions following up to the petition
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
02/05/2017
Réponse du Président de la Chambre des Députés et transmission au Premier Ministre
21/03/2017
Transmission de documents
15/03/2017
Motion adoptée après la déclaration gouvernementale "Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch"
15/03/2017
Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
25/01/2017
An exchange of views took place on 25-01-2017 on the petition public n°698
Minutes of the meeting
16/01/2017
A public debate in committee took place on 16-01-2017 about the public petition n°698
Minutes of the meeting
13/12/2016
Invitation to the public debate
08/11/2016
Validation de 14.500 signatures
08/11/2016
The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°698, on 08-11-2016
25/10/2016
The period for signing the public petition n°. 698 is closed on 25-10-2016 - Number of electronic signatures before validation: 14702
25/10/2016
Validated electronic signatures: 14478
25/10/2016
Validated paper signatures: 22
12/09/2016
The public petition n°698 is open for signature, on 12-09-2016
08/09/2016
The public petition n°698 was declared admissible by the Committee on Petitions on 08-09-2016
05/09/2016
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 698, on 05-09-2016
22/08/2016
The petition public n°698 is submitted the 22-08-2016
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 14478 were valid.
Verified signatures
14 500 / 4 500