Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé. - Petitions
Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé.
Public petition n°3888
Petitioner: Jeff Frisch
Purpose of the petition
Dës Petitioun freet datt all Fonctionnaire, deen aus gesondheetleche Grënn net Vollzäit ka schaffen (z.B. opgrond vun enger psychescher Erkrankung, Kriibs, ...), am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon, den neien Traitement genee sou zegutt huet wéi e Fonctionnaire dee Vollzäit schafft.
Reason for the petition
Aktuell gesäit den Artikel 34 vum Loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'Etat e.a. vir, datt den Traitement vum leschte Mount geholl gëtt, wou ee Vollzäit geschafft huet. Op där Basis gëtt den neien Traitement festgehal (Salaire vun der Deelzäit plus Kompensatioun). Dësen Traitement bleift awer soulaang onverännert (bis op den Index), bis de Fonctionnaire nees Vollzäit schafft, och wann en am Grad oder am Echelon klëmmt. Dëst stellt eng Ongerechtegkeet duer. Firwat duerfen déi Fonctionnairen am service à temps partiel pour raisons de santé net genee sou am Traitement klamme wéi hir aner Kolleegen, déi Vollzäit schaffen? Mat dëser Petitioun gëtt gefuerdert, den Artikel 34 vum betraffenen Gesetz sou emzeänneren, datt den Traitement net méi agefruer gëtt. Am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon soll d'Kompensatioun vun der Deelzäit klammen: zu deem Montant, datt den neien Traitement dem normalen Traitement a Vollzäit entspriecht.
Signatures collection ongoing
The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.
Registered signatures
1 / 5 500
Key information
Signature collection
Submission date
28/11/2025
Opening of the signature collection
13/12/2025
Additional information
Petition background
Petition signatories
28/12/2025
The petition public n°3888 is submitted the 28-12-2025
Title of the petition: Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé. Aim of the petition: Dës Petitioun freet datt all Fonctionnaire, deen aus gesondheetleche Grënn net Vollzäit ka schaffen (z.B. opgrond vun enger psychescher Erkrankung, Kriibs, ...), am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon, den neien Traitement genee sou zegutt huet wéi e Fonctionnaire dee Vollzäit schafft. Motivation of the general interest of the petition: Aktuell gesäit den Artikel 34 vum Loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'Etat e.a. vir, datt den Traitement vum leschte Mount geholl gëtt, wou ee Vollzäit geschafft huet. Op där Basis gëtt den neien Traitement festgehal (Salaire vun der Deelzäit plus Kompensatioun). Dësen Traitement bleift awer soulaang onverännert (bis op den Index), bis de Fonctionnaire nees Vollzäit schafft, och wann en am Grad oder am Echelon klëmmt. Dëst stellt eng Ongerechtegkeet duer. Firwat duerfen déi Fonctionnairen am service à temps partiel pour raisons de santé net genee sou am Traitement klamme wéi hir aner Kolleegen, déi Vollzäit schaffen? Mat dëser Petitioun gëtt gefuerdert, den Artikel 34 vum betraffenen Gesetz sou emzeänneren, datt den Traitement net méi agefruer gëtt. Am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon soll d'Kompensatioun vun der Deelzäit klammen: zu deem Montant, datt den neien Traitement dem normalen Traitement a Vollzäit entspriecht.
13/12/2025
The public petition n°3888 is open for signature, on 13-12-2025
12/12/2025
Statement of admissibility
11/12/2025
The public petition n°3888 was declared admissible by the Committee on Petitions on 11-12-2025
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 13-12-2025 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 23-01-2026 at 11:59 p.m.
11/12/2025
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3888, on 11-12-2025
Opinion of the Committee on Petitions: positive