Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) - Petitions
Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA)
Public petition n°3723
Petitioner: Mike Silva Gomes
Purpose of the petition
D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien.
Reason for the petition
De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.
Collection of registered signatures
After analysing all the registered signatures, 58 were valid.
Verified signatures
58 / 5 500
Key information
Threshold not reached
Submission date
21/06/2025
Opening of the signature collection
18/09/2025
Additional information
Petition background
Petition signatories
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
The public petition n°3723 is closed on 04-02-2026
Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
12/11/2025
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
12/11/2025
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°3723, on 12-11-02025 - Number of signatures after validation: 55
12/11/2025
Validated electronic signatures: 58
30/10/2025
The period for signing the public petition n°. 3723 is closed on 30-10-2025 - Number of electronic signatures before validation: 1
18/09/2025
The public petition n°3723 is open for signature, on 18-09-2025
17/09/2025
Statement of admissibility
17/09/2025
The public petition n°3723 was declared admissible by the Committee on Petitions on 17-09-2025
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 18-09-2025 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 29-10-2025 at 11:59 p.m.
17/09/2025
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3723, on 17-09-2025
Opinion of the Committee on Petitions: positive
21/06/2025
The petition public n°3723 is submitted the 21-06-2025
Title of the petition: Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) Aim of the petition: D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien. Motivation of the general interest of the petition: De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.