Fir d'Aféierung vun der Weideschlachtung zu Lëtzebuerg

Public petition n°3711

Petitioner: David Delvaux

Purpose of the petition

D'Gesetzgebung zu Lëtzebuerg esou unzepassen, dass d'Weedeschlachtung ënner strenge Bedéngunge legal an duerchféierbar gëtt. D'Weideschlachtung, also d'Schluechte vun engem Déier an der gewinnter Ëmgéigend op der Weed gëtt a ville europäesche Länner wéi Däitschland, Éisträich oder Schwede scho mat Erfolleg ëmgesat. Si stellt eng méi déierefrëndlech, nohalteg a respektvoll Alternativ zu der traditioneller Schluechtung am Schluechthaus duer. D'Fro un d'Chamber ass, de gesetzleche Kader esou unzepassen, dass d'Weideschlachtung zu Lëtzebuerg erlaabt gëtt , ënner Oplage vu kloer definéierte Reegelen.

Reason for the petition

Dës Petitioun soll eng wichteg Diskussioun an der Gesellschaft an an der Chamber ausléisen, fir Lëtzebuerg am Beräich vum Déierewuel an der nohalteger Landwirtschaft e Schrëtt no vir ze bréngen. D'Haaptargumenter fir d'Weideschlachtung: • Verbesserung vum Déierewuel: D'Déiere mussen net transportéiert ginn a bleiwen an engem vertraute Milieu. Dat reduzéiert Stress, Angscht a kierperlech Belaaschtung. • Besser Fleeschqualitéit: Wéinst dem reduzéierte Stress gi manner Stresshormoner wéi Adrenalin a Cortisol ausgeschott, wat sech positiv op d'Qualitéit, de Goût an d'Haltbarkeet vum Fleesch auswierkt. • Ëmweltaspekt: Et falen Transportweeër ewech, wat den CO₂-Ausstouss reduzéiert an d'Nohaltegkeet an der Landwirtschaft fërdert. • Stäerkung vu klenge Betriber: D'Méiglechkeet fir op der Weed ze schluechten, ka klengen a mëttelgrousse Betriber hëllefen, méi no beim Konsument ze sinn an de lokale Kreeslaf ze fërderen. Konkret gefrot gëtt: • D'Erlabnes vun der Weideschlachtung ënnert der Leedung vu qualifizéiertem Fachpersonal (z. B. zertifizéierte Veterinär). • Asaz vun enger mobiller Schlachtbox: Fir d'Weideschlachtung effizient a gesetzkonform duerchzeféieren, kéint den Asaz vun enger mobiller Schlachtbox virgesi ginn. Esou eng Box entsprécht héije Standarde vun Hygiene a Sécherheet a kann direkt op der Weed opgestallt ginn. Dëst erméiglecht eng kontrolléiert Schluechtung ënnert professionellen a veterinärlecher Iwwerwaachung, ouni datt d'Déier muss transportéiert ginn. • D'Sécherstellung vun enger gesetzlech gereegelter Prozedur fir d'Hygiène an d'Dokumentatioun. • (D'Transport vum Offall direkt nom Doud vun engem autoriséierte Betrib (wie Rendac). ) • Eng kloer Geneemegungsprozedur duerch d'zoustänneg Autoritéiten, inklusiv Veterinärsdéngscht. Demande un d'Chamber ass, dëse Schrëtt am Sënn vum kollektive Wuel ze ënnerstëtzen an eng gesetzlech Basis fir d'Weideschlachtung zu Lëtzebuerg ze schaafen.

Signatures collection ongoing

The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.

Registered signatures

1 / 5 500

Share the petition

Key information

Signature collection

Submission date

12/06/2025

Opening of the signature collection

19/07/2025

Additional information