Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen - Petitions
Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen
Public petition n°3516
Petitioner: Claude Feltgen
Purpose of the petition
1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post. 2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv Presenz um net-kommerzielle Fediverse (Mastodon a co.) op a promouvéiert dës Plattform esou gutt et geet. Och soll de Staat finanziell hëllefen de Fediverse weider ze entwéckelen. 3. Lëtzebuerg setzt sech op europäeschem Niveau fir méi streng Reegele fir sougenannte ,,Social Media" an. Dat mat engem Fokus op d'Oppeleeë vun den Algorithme vun dem wat de Useren ugewise gëtt, der Méiglechkeet fir d'Useren eegen Algorithme kënnen ze notzen an datt et Moderatore ginn, déi di jeeweileg Sprooch vum Contenu verstinn. Fir Lëtzebuerg also och Leit, déi Lëtzebuergesch verstinn.
Reason for the petition
Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. Mëttlerweil mëscht sech de Musk och an europäesch Walkämpf an an ënnerstëtzt, wéi och an Amerika virdrun, rietsextrem an antidemokratesch Parteien. De Lëtzebuerger Staat sollt esou enger Plattform keng weider Credibilitéit an ëffentlech Opmierksamkeet duerch eng eege Presenz schenken. Dat gesot muss ee feststellen, datt net just Twitter als Social Media duerch ontransparent a wa méiglech politesch motivéierten Algorithmen problematesch fir den ëffentlechen Discours ass. Schlussendlech riskéiert all kommerziell bedriwwe Plattform Decisioune betreffend hirem Algorithmus ze huelen, déi net d'Wuel vun der Allgemengheet, mä hire Portmonnie an aner perséinlech Interessie vun de Besëtzer an hiren Investisseuren an de Virdergrond stellen. De Lëtzebuerger Staat soll sech dowéinst op europäeschem Niveau fir verstäerkte Reegelen fir grouss Social Media Plattformen asetzen, grad och wat d'Algorithmen ugeet. Gläichzäiteg soll Lëtzebuerg hëllefen Alternativen zu de kommerziellen an net-europäesche Plattformen opzebauen. Déi aktuell gréissten Alternativ ass dobäi de Fediverse, dëst ass een Netzwierk vun ënnerschiddleche Plattformen ewéi Mastodon a Peertube. De Staat soll dës net-kommerziell Plattformen op der enger Säit mat senger Presenz stäerken, op der anerer awer och ë.a. finanziell bei der (Weider)Entwécklung hëllefen. Dat alles mam Zil de Grand Public fort vu Facebook a co. op dës Plattformen ze guidéieren. Dëst wier ,,Digital Souveränitéit" - vun där mir an Europa gäre schwätzen - och mol ëmgesat.
Signature collection period closed
Registered signatures are undergoing a validity check.
Registered signatures
435 / 4 500
Key information
Verifying signatures
Submission date
07/01/2025
Opening of the signature collection
07/02/2025
Additional information
Petition background
Petition signatories
22/03/2025
The period for signing the public petition n°. 3516 is closed on 22-03-2025 - Number of electronic signatures before validation: 1
15/03/2025
The period for signing the public petition n° 3516 is extended until 21-03-2025, on 15-03-2025
06/02/2025
Statement of admissibility
06/02/2025
The public petition n°3516 was declared admissible by the Committee on Petitions on 06-02-2025
05/02/2025
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3516, on 05-02-2025
07/01/2025
The petition public n°3516 is submitted the 07-01-2025