Fir e bessert Versteesdemech am Verkéier : En zousätzleche Volet fir den theoreteschen a praktesche Permis (Fürerschäin), wat dem Ëmgang mat Cyclisten am Verkéier ugeet.

Public petition n°3431

Petitioner: Camille Muller

Purpose of the petition

De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Et soll falsch Klischeeën a Virurteeler verhënneren.

Reason for the petition

De But vun dëser Petitioun ass de Versteesdemech vum zukünftegen Autofuerer fir de Cyclist ze fërderen. Dofir soll de Permis mat engem theoreteschen a prakteschen (fakultativ bei noweisbar physescher Behënnerung) Volet iwwert Cyclisten am Verkéier ergänzt ginn. Niewent verkéierstechneschen Elementer (Ofstand, déi technesch Spezifizitéiten vun de verschiddenen Vëloszorten  am Verkéier. a.s.w.) sollen och falsch Klischeeën a Virurteeler verhënnert ginn. Beispiller: - Firwat fiert de Cyclist net ëmmer ganz riets? Gullien déi erausstinn oder eng Kaul an der Strooss maachen, kënnen de Grond sinn, oder en Objet deen en Autofuerer weder gesäit, nach spiert. - Firwat fuere Cyclisten net ëmmer op der Velospist?  Wien am Alldag Vëlo fiert huet op senger Vëlospist keng Epicerie, keng Apdikt, kee Bistrot, ... an e wunnt net niewent der Vëlospist. All Cyclist ass anescht. Den Transport vu Kanner fuerdert en anert Fuerverhalen, genau sou wéi den Transport vu méi schwéiere Wueren an engem Cargobike. Pedelecfuerer gi beim ufueren ënnerschätzt, sou dass zemools bei roude Luuchten déi eng oder aner geféierlech Situatioun entstoe kann.

Collection of registered signatures

After analysing all the registered signatures, 43 were valid.

Verified signatures

43 / 4 500

Share the petition

Key information

Threshold not reached

Submission date

29/10/2024

Opening of the signature collection

13/12/2024

Additional information