Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft - Petitions
Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft
Public petition n°3053
Petitioner: Sandra Merenne
Purpose of the petition
Zil vun dëser Petitioun ass et, dass Kanner, déi een Elterendeel verléieren, net zousätzlech vum Gesetz gestrooft ginn, andeems se wäertvoll Zäit mat hiren Eltere verléieren, respektiv just hallef sou oft "däerfen" krank ginn, wéi Kanner, déi nach béid Elterendeeler hunn. Am Fall wou een Elterendeel stierft, fält nämlech hei zu Lëtzebuerg vun haut op muer den ,,Congé parental" wech an et kann ee kucken, wéi een sech vun haut op muer an enger souwisou schonn onméiglecher Situatioun mat sengem Kand organiséiert kritt. Di nämmlecht Situatioun trëfft och op de "Congé pour raisons familiales" zou: Wärend ee Kand mat 2 Elterendeeler an deenen éischten 3 Joer vun 2 x 12 Deel profitéiert, "däerf" ee Kand, wat schonn de Pech hat een Elterendeel ze verléieren, just 1 x 12 Deeg krank ginn. Amplaz dass Leit a sou enger Situatioun Ënnerstëtzung kréien, ginn se vum Gesetz hier zousätzlech benodeelegt.
Reason for the petition
Vun engem Dag op deen ass d'Liewen anescht, an et muss een sech Gedanke maachen, iwwer Saachen, fir déi een an där Situatioun guer kee Kapp huet. Et steet ee beemol eleng do mat sengem klenge Kand, et huet ee vun engem Moment op deen anere säi Partner verluer a lo muss een sech iwwerleeën, wéi ee säi Kand versuergt kritt, wat am Fong nach eng Rei Méint mat dem aneren Elterendeel hätt sollen doheem sinn an do gutt versuergt ginn. Mam Doud verfält hei zu Lëtzebuerg automatesch de Congé parental an ouni Virbereedung op di Situatioun ass di sécher Betreiung vum eegene Kand net méi garantéiert. Net jiddereen huet an deem Moment di Chance déi ech dee Moment hat, fir kennen op d'Grousseltere vum Kand zréckzegräifen, an sou di schwéier Situatioun trotzdeem gestemmt ze kréie mat allem aneren, wat do op een duerkënnt. De congé pour raisons familiales wier hei zu Lëtzebuerg streng un eng Persoun gebonnen a kéint och mam Doud vun engem Elterendeel net op deen aneren Elterendeel iwwerdroe ginn, gouf mir op Nofro hi gesot. Em ween geet et dann? Et gëtt iwwerall vum Wuel vun de Kanner geschwat, wou ass dann hei d'Wuel vum Kand am Vierdergrond? Leit, déi vun haut op muer eleng do stinn an net d'Méiglechkeet hunn, op Famill zréckzegräifen, sinn forcéiert, bannent kierzester Zäit eng Betreiungsstruktur fir hiert Kand ze fannen, déi se sech ënner Ëmstänn eleng guer net méi leeschte kennen. Als elengerzéiend Eltere gëtt engem dann och nach gesot, dass dat eegent Kand am Fong Interêt huet, nëmmen hallef sou oft krank ze ginn, wéi ee Kand, wat nach béid Elteren huet. Well schliisslech kritt den elengerzéienden Elterendeel mam Doud vum Partner och dem säin Deel "congé pour raisons familiales" wechgeholl.
Collection of registered signatures
After analysing all the registered signatures, 930 were valid.
Verified signatures
930 / 4 500
Key information
Reclassification as an ordinary petition
Submission date
06/02/2024
Opening of the signature collection
15/03/2024
Additional information
Petition background
Petition signatories
03/07/2024
Reclassification of the public petition, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition n°3053, on 03-07-2024
06/06/2024
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
05/06/2024
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°3053, on 05-06-02024 - Number of signatures after validation: 930
05/06/2024
Validated electronic signatures: 930
26/04/2024
The period for signing the public petition n°. 3053 is closed on 26-04-2024 - Number of electronic signatures before validation: 930
15/03/2024
The public petition n°3053 is open for signature, on 15-03-2024
14/03/2024
Statement of admissibility
14/03/2024
The public petition n°3053 was declared admissible by the Committee on Petitions on 14-03-2024
13/03/2024
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3053, on 13-03-2024
06/02/2024
The petition public n°3053 is submitted the 06-02-2024