Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech. - Petitions
Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.
Public petition n°2838
Petitioner: Zoe Evans
Purpose of the petition
D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.
Reason for the petition
Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn. D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 definéieren eng Aschränkung zur Meenungsfräiheet fir de Schutz vun de Léit. Trotzdeem befannen mir eis haut nach an engem System, wou dës Artikelen net eescht genuch geholl ginn. Och schreift de Code Pénal fir, dass bei Gewalt Awierkung géint Persounen aller Aart, Geschlecht, Berufsstand a Relioun rechtlech Schrëtter ënnerholl ginn. Den Internet ass voller Haass, eis Stroossen si voller Gewalt. Dobäi betrëfft et jiddereen vun eis! Eis Kanner ginn am jéngsten Alter scho gemobbt, Aarbechter aus ëffentlechen Fonctiounen ginn aggresseiert, op Tiktok, Facebook an Co. kurséiren Videoen déi zur Eliminatioun vun diversen Communautéiten opruffen. Haislech Gewalt ass net prioritär. Meenungsfräiheet gëtt mat Volkshetze verwiesselt. An ze ville Fäll geschitt näischt, an et geet elo duer! D' Erfarungen aus den leschten 2 Joer si follgend: - D' Opfer vun haislecher Gewalt ginn net genuch eescht geholl. Et gëtt als "Onstëmmegkeet zwëschent Fra a Mann" banaliséiert déi et säit ëmmer scho goufen. d' Opfer gi mat bloen Plazen an vill Angscht heemgeschéckt. - D' LGBTQAI+ Community gëtt bedrot, diskriminéiert, kierperlech wéi och verbal ugegraff an dëst am Internet wei och an der Ëffentlechkeet. - Kanner am jonken Alter wëllen net mei an d' Schoul an weisen psychosomatesch Unzeechen wéi Bauchwéi, Iwwerginn, Roserei, Bettnässerei, Kappwéi, Panikattacken, Selbstmordgedanken oder Versich. Sie erliewen leider schonn ganz fréi, dass net konsequent duerchgegraff an gehollef gëtt. D'Entfert vun den jéngsten Mobbing-Dynamiken ass oft: Mir kann souwisou näischt passéieren. Et muss méi konsequent Duerchgegraff ginn, dass et den Mënschen an eiser Gesellschaft besser geet, an Täter gestoppt ginn!
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 2256 were valid.
Verified signatures
2 258 / 4 500
Key information
Closed
Submission date
13/07/2023
Opening of the signature collection
26/07/2023
Additional information
Petition background
Petition signatories
13/12/2023
Closing statement
06/12/2023
The public petition n°2838 is closed on 06-12-2023
12/10/2023
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
11/10/2023
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2838, on 11-10-02023 - Number of signatures after validation: 2258
11/10/2023
Validated electronic signatures: 2256
11/10/2023
Validated paper signatures: 2
06/09/2023
The period for signing the public petition n°. 2838 is closed on 06-09-2023 - Number of electronic signatures before validation: 2256
26/07/2023
The public petition n°2838 is open for signature, on 26-07-2023
25/07/2023
Statement of admissibility
25/07/2023
The public petition n°2838 was declared admissible by the Committee on Petitions on 25-07-2023
24/07/2023
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2838, on 24-07-2023
13/07/2023
The petition public n°2838 is submitted the 13-07-2023