Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn.

Public petition n°2809

Petitioner: Bryan Jaeger

Purpose of the petition

Den Beruff Aide-soignante ass nach NET richteg an da Gesellschaft ukomm. Dat soll geännert ginn, mat méi Respekt, wäertschätz an besserer Bezuelung.

Reason for the petition

Aide-soignant ass een Beruff wou een engem Mënsch deen säin Liewen schon vill matgemaach huet oder fir eng kuerz bis hin enger längerfristegen Defizit am Alldag hunn, ze ënnerstëtzen. Den Beruff Aide-soignant ass NET nëmmen do fir ze ""wäschen"", Mais leider ass dat bei villen Leit nach net richteg ukomm. Den Beruff ass net ëmmer einfach... Am Alldag ginn et méi oder manner Aufgaben déi een Aide-soignant bewältegen muss. Et geet hin vun da Kierperfleeg bis hin zu engem Psycholog. Aide-soignant ass eng Stëtz fir jiddereen déi hëllef neidesch hun. An leider ginn et emmer méi Aufgaben an emmer manner Zäit fir déi Aufgaben gerecht ze ginn. Déi Mënschen déi sech Aide-soignant nennen ginn vill, fir déi Mënschen déi Hëllef brauchen. Sie maachen sech den Réck oder den Kapp ""futti"" fir all Aufgaben gerecht ze ginn vun Mënschen déi Hëllef brauchen, ob et nëmmen ass fir mat hinnen ze schwätzen, Fleegen oder einfach do ze sinn. Dofir soll den Beruff méi Respektéiert, wäertschätz an besser Bezuelt ginn.

Public debate

Petition n°2809: Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn.

Key information

Petition discussed in a public debate

Submission date

16/06/2023

Opening of the signature collection

09/09/2023

Additional information

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 4573 were valid.

Verified signatures

4 573 / 4 500

Share the petition