Erhéijen vun den "Extra Congésdeeg" bei engem Stierffall

Public petition n°2627

Petitioner: Kevin Serafini

Purpose of the petition

Dës Petitioun proposéiert d'Zuel vun de gesetzleche Congésdeeg am Stierffall vun engem Familljemember erop ze setzen, an zwar: Fir de Partner/Mann-Fra duerch Bestietnis: vun  aktuell 3 Deeg op 7 Deeg   Elteren/Schwéierelteren: Kanner/Stéifkanner 1ste Grad: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg Stéifelteren oder Familljemember 2te Grad: ewéi zb. Grousselteren , Enkelen , Brudder/Schwëster , Stéifbrudder/Stéifschwëster : vun aktuell 1 Dag op 3 Deeg

Reason for the petition

Bei engem Stierffall vun engem Familljemember huet een nom Gesetz e puer extra Deeg Congé zegutt fir kënnen eng éischt Traueraarbecht ze maachen a sech em all Formalitéiten ze këmmeren. D'Erfarung weist awer, datt déi Demarchen kënne ganz komplex sinn a vill Zäit erfuerderen. Iwwer d'Joren sinn d'Zuel an d'Komplexitéit vun deenen administrativen Demarchen am Stierffall och net méi kleng oder méi einfach ginn, z.B. wann ee mat Banken, Assurancen an esou weider ze dinn huet.  Et wär dowéinst ubruecht, d'Zuel vun deenen entspriechende Congésdeeg no uewen unzepassen."

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 951 were valid.

Verified signatures

951 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

06/02/2023

Opening of the signature collection

25/02/2023

Additional information