Petitioner: Jennifer in't Groen
Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.
Purpose of the petition
Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag. Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt ... more
Reasons for the petition
Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ... more
The steps of this petition
The period for signing the public petition n°. 2550 is closed on 28-02-2023 - Number of electronic signatures before validation: 426
The public petition n°2550 is open for signature, on 17-01-2023
Statement of admissibility
The public petition n°2550 is declared admissible by the Conference of Presidents on 12-01-2023
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 17-01-2023 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 27-02-2023 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2550, on 11-01-2023
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°2550 is submitted the 04-12-2022
Title of the petition: Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.
Aim of the petition: Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag.
Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt musse Steieren, Krankenkeessbäitreeg asw. ofzegi soulaang si nach léieren oder studéieren.
Motivation of the general interest of the petition: Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ass et oft schwiereg Personal ze fannen déi just vir eng kuerz Dauer schaffe wëllen.
Student/-innen a Schüler/-inne kënne vir dës Branchen ee Manktem u Personal opfänken, an an engems eppes verdéngen, ouni doriwwer Ofgaben ze musse leeschten.
Et ass vir Student/-innen a Schüler/-innen oninteressant ee Contrat à durée déterminée ofzeschléisse wann si nach am Studiengang sinn. De Beschäftegungsvertrag erlaabt et hinnen d'Konzentratioun op dem Studium ze halen, an awer schaffen ze kënnen.