Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer

Public petition n°2481

Petitioner: Gérard Koneczny

Purpose of the petition

Upassen vun den ""Avertissement Taxés"" Tariffer un Deierecht. Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D'Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm 50% an d'Luucht gaang. Vun ronn 603 op 918 Punkten. Dëst ermontert den Automobilist, awer och de Vëlosfuerer an de Foussgänger méi esou Verstéiss géint de Code de la Route ze maachen; et gëtt jo net méi deier, mee méi bëlleg. Fir déi meescht sinn dat Kavaléiersdelikter déi een sech ""leeschte"" kann. D'Chance ""erwëscht"" ze ginn ass zimmlech kleng an onsem Land.

Reason for the petition

E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen: (Beispiller ) Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn. Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, an 2ter Réi an op VelosPisten verdräifacht ginn. Bei méi klenge Vitess-Verstéiss ( 5 km ) soll een näischt méi musse bezuelen. Dat géif et erlaben e Camion op enger Streck gemittlech ze iwwerhuelen wou e StreckeRadar ass, ouni dass een da mat 94km/h en AT heemgeschéckt kritt.( Tunnel Autobunn ) Tëscht 6 an 10 km 75 EUR Tëscht 11 an 20 km 150 EUR Tëscht 21 an 40 km 300 EUR Iwwert 40 km 600 EUR Béi engem "Recidive" ab 40 km soll d'Saach op d'Geriicht goen. Strofen um Geriicht sollen och vill méi héich ausfalen. An den 30er an 20er Zonen sollen ausserdeem och ëmmer Punkten ofgezu ginn.

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 38 were valid.

Verified signatures

38 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

06/10/2022

Opening of the signature collection

18/11/2022

Additional information