Public n°2173

Petitioner: Marcel Wolff

Fir eng besser Analys vun den Zuelen iwwert d'Corona-Pandemie. No 2 Joer misst een endlech wëssen, wéivill Leit reell wéinst, mat oder um Virus gestuerwen sinn, mat enger kloerer Ënnerdeelung vun deenen 3 Kategorien. Kreatioun vun engem genauen Register.

Purpose of the petition

Wéi al sinn déi Léit, déi op der Intensivstatioun leien. Sinn déi Leit op der Intensivstatioun just wéinst dem Corona do oder hunn se aner Krankheeten? Wéi ass hiren Impfstatus? 1mol, 2mol, 3mol, geboostert oder net, an wann, wéi laang ass dat hier. Wann een net weess, ob eng Persoun geimpft ... more

Reasons for the petition

(CONTINUATION) Dat heescht: wann een eng Persoun ënner Coronadoudegen zielt, muss genau festgestallt ginn, duerch wat oder firwat déi Persoun gestuerwen ass. Bei enger méi genauer Analys kann een doduerch och besser Abu'en bei der Ofrechnung an den Kliniken oder soss anzwousch opdecken oder ... more

ended  03.03.2022
412 /4.500
9%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
04.05.2022

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
27.04.2022

The public petition n°2173 is closed on 27-04-2022

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire suivie d'une demande de clôture expresse par le pétitionnaire (courriel du 31.03.2022)

31.03.2022

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

30.03.2022

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2173, on 30-03-02022 - Number of signatures after validation: 412

30.03.2022

Validated electronic signatures: 412

04.03.2022

The period for signing the public petition n°. 2173 is closed on 04-03-2022 - Number of electronic signatures before validation: 412

24.01.2022

Statement of admissibility

21.01.2022

The public petition n°2173 is open for signature, on 21-01-2022

19.01.2022

The public petition n°2173 is declared admissible by the Conference of Presidents on 19-01-2022

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 21-01-2022 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 03-03-2022 at 11:59 p.m.

19.01.2022

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2173, on 19-01-2022

Opinion of the Committee on Petitions: positive

02.01.2022

The petition public n°2173 is submitted the 02-01-2022

Title of the petition: Fir eng besser Analys vun den Zuelen iwwert d'Corona-Pandemie. No 2 Joer misst een endlech wëssen, wéivill Leit reell wéinst, mat oder um Virus gestuerwen sinn, mat enger kloerer Ënnerdeelung vun deenen 3 Kategorien. Kreatioun vun engem genauen Register.

 

Aim of the petition: Wéi al sinn déi Léit, déi op der Intensivstatioun leien. Sinn déi Leit op der Intensivstatioun just wéinst dem Corona do oder hunn se aner Krankheeten? Wéi ass hiren Impfstatus? 1mol, 2mol, 3mol, geboostert oder net, an wann, wéi laang ass dat hier. Wann een net weess, ob eng Persoun geimpft ass, muss si den Status "onbekannt" kréien, mat engem Vermierk firwat. Wann eng Persoun net geimpft ass, dann sollt si den Status net geimpft kréien. Hunn déi Léit Virerkrankungen (Kriibs oder soss schwéier Krankheeten) oder net? Dat gëllt och vir déi Léit, déi soss an der Klinik sinn. Sinn déi do wéinst dem Corona (awer dann nëmmen wéinst Corona) oder sinn déi do wéinst enger anerer Saach, mee guffen positiv getest, hunn awer keng Symptomer.Am Fall vun engem Stierffall soll automatesch eng Autopsie gemaach ginn, wann een déi Persoun ënner Coronadoudegen zielt, fir genau ze wëssen, un wat déi Persoun gestuerwen ass.

Motivation of the general interest of the petition: (CONTINUATION) Dat heescht: wann een eng Persoun ënner Coronadoudegen zielt, muss genau festgestallt ginn, duerch wat oder firwat déi Persoun gestuerwen ass. Bei enger méi genauer Analys kann een doduerch och besser Abu'en bei der Ofrechnung an den Kliniken oder soss anzwousch opdecken oder vermeiden. Déi Zuelen, déi elo virleien soën net vill aus a ginn och net onofhängeg kontrolléiert. Dat selwecht betrëfft och d'Impfniewenwierkungen (respektiv an verschiddenen Fäll souguer Impfschied oder Doud), wou een misst en Register hunn wou Léit kennen matdeelen wann si wéieng Niewenwierkungen kritt hunn, an duerch wat fir een Vaccin. Dëst Instrument suergt fir méi Transparenz an och fir besser ze analyséieren, wéi een den Vaccin impfen soll oder kann oder besser net soll.Wéi gesaït et mat den Better an den Kliniken aus? Wat ass d'Unzuel vun den normalen Better? (10 Joër). Wat ass d'Unzuel vun den Intensivbetter (10 Joër). Wat ass d'Unzuel vun de Rehabetter ? (10 Joër)

Dat ganzt geet em Transparenz, an et geet drëms alles nozevollzéien fir e bessert Verstoën bei Jiddferengem.