De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechke (...)

Public petition n°1844

Petitioner: Gabrielle Koeune

Object of the petition

Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun sech nach verschärft. Wat di Elengerzéiend (familles monoparentales) betrefft, sou liewen si oft un der Aarmutsgrenz, hun opgrond vun de Kanner (Betreiung, Krankhet vun de Kanner) um Aarbechtsmaart manner gudd Chancen a stellen sech selwer an hir Gesondhet ganz un de Schluss. Och hir Chancen, eng passabel a bezuelbar Wunneng ze fannen sin net esou grouss. Doniewent hun d'Kanner net d'Méiglechket, ze spillen an Natur ze genéissen. Dofir wier de Park, dee ronderem d'Schlass ass, optimal a Gesellschaft hätten se och, sou datt se Sozialkompetenze léieren. D'Croix Rouge kéint mat dem Geld aus dem Verkaf aner Projeten an d'Liewe ruffen oder ausbauen.

Reason for the petition

E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen. D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt get. Leider get dat aktuell weder finanziell nach soss wéi honoréiert an oft féiert hir multipel Belaaschtung dozou, datt hir Gesondhet drenner leid a si weder Geld nach Zäit fir sech selwer an Sozialkontakter hun. Besonnesch d'Familles monoparentales sin an enger ganz erausfuerdernder Situatioun, an dat op villen Niveauen. Letzebuerg ass e räicht Land a soll seng sozial Verantwortung iwwerhuelen.

Key information

Closed

Submission date

18/03/2021

Opening of the signature collection

02/04/2021

Additional information

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 11 were valid.

Verified signatures

11 / 4 500

Share the petition