Eng National Gedenkminutt fir d''Corona-Doudeger - Petitions
An internal error has occurred. Please try again later or contact support ( ID: 9f9321fa-3f9b-4ca6-ad7f-97588c6bf8d5 / Time: 2025-05-10T09:25:56 ).
Eng National Gedenkminutt fir d''Corona-Doudeger
Public petition n°1698
Petitioner: Daniel Frères
Purpose of the petition
Eng National Gedenkminutt fir d'Corona-Doudeger zum Joreswiessel den 31.12.20 um 24 hrs - 01.01.2021 Mir wëllen an enger Gedenkminutt um 0:00 de Verstuerwene vun der Covid-19-Pandemie an hiren Hannerbliwwene gedenken. An dëser Gedenkminutt drécke mir eist Matgefill als Persoun, Matbierger.in an als Natioun, andeems mer ënnert der Rou vun der Nuecht eng Minutt laang de Mënsche gedenken, déi duerch de Coronavirus ëm d'Liewe komm sinn. Fir dësem Joreswiessel vum Matgefill ee würdege Kader ze verschafen, soll een op Freedefeier a Knupperten verzichten.
Reason for the petition
Begrënnung: D''Coronapandemie huet zu Lëtzebuerg 127 Mënschen d''Liewe kascht. Hannert deenen Zuele stieche Mënsche mat Famillen a Frënn. Aus deem Grond wëlle mer solidaresch si mat eise Matmënschen, déi ëm ee schwéiere Verloscht traueren. Mir wëllen eis Matmënschen, déi eng geléifte Persoun duerch de Coronavirus verluer hunn, an hirer Trauer begleeden an net vergiessen! 127 Corona-Doudeger zu Lëtzebuerg gesinn op den éischte Bléck Mol no enger niddreger Doudeszuel aus a sinn et vläicht och am Verglach mat anere Länner op der Welt. Mee fir et an eng Relatioun ze setzen , dat sinn 6 Mol sou vill Doudeger wéi all Joers op eise Stroossen ëm d''Liewe kommen. Dat sollte mir net ignoréieren. An d''Zuelen tréischten och net déi Mënschen doriwwer ewech, déi eng geléifte Persoun verluer hunn. Mir däerfen nämlech och net vergiessen, datt den Doud duerch de Covid-19 een immens einsamen a schrecklechen Doud ass. Dës Patiente si meeschtens an de Spideeler a Fleegeheemer ouni de Bäistand vun hirer Famill a Frënn gestuerwen, ouni kënnen eng leschte Kéier Äddi ze soen. Dëst ass fir déi Hannerbliwwen eng immens péngvoll Situatioun, déi se psychologesch eng laang Zäit wäert begleeden. Grad dëse Leit wëlle mer eist déift Matgefill ausdrécken. De richtegen Zäitpunkt dofir ass an eisen Aen de Joreswiessel, bei deem mer traditiounsgeméiss op dat vergaangent Joer zeréckkucken an hoffnungsvoll op dat neit Joer blécken. Fir dem Joreswiessel vum Matgefill ee würdege Kader ze verschafen, soll een op Freedefeier a Knupperten verzichten. Dëst huet de Virdeel, dass vill Accidenter, kënne vermidde ginn, wouduerch d''Rettungsdéngschter sech op méi wichteg Fäll konzentréiere kéinten. Des Weideren kënnen sech dës Leit och zu deem Moment un der Gedenkminutt bedeelegen. Gläichzäiteg maache mer eppes Guddes fir d''Ëmwelt an d''Gesondheet, well di enorm Quantiéiten un Dreck evitéiert ginn. Wärend enger Silvesternuecht geet d''Feinstaubbelaaschtung normalerweis ëm dat véierzéchfacht an d''Luucht. Och dat géif an enger roueger Silvesternuecht ewechfalen. Och di negative Wierkung vu Knupperten op Haus- a Wëlldéiere géif doduerch entfalen. Duerch Freedefeier geroden d''Déieren nämlech oft a Panik, Hausdéiere lafe fort, wat zu Accidenter féiere kann. Ee Verbuet vun Freedefeiere ass relativ einfach ëmzesetzen. Esou hunn zum Beispill verschidde Gemengen hei am Land schonns di lescht Joren ee generellt Verbuet fir Freedefeier agefouert, wéi zum Beispill, Esch-sur-Alzette an d''Gemengen, Berdorf, Dudelange, Erpeldange, Fischbach, Hobscheid, Kayl, Kehlen, Leudelange, Redange, Sanem, Schifflange, Steinsel an Réimech.
Public debate
Key information
Threshold reached - a public debate will be organised
Submission date
24/10/2020
Opening of the signature collection
31/10/2020
Additional information
Petition background
Petition signatories
22/12/2020
A public debate in committee took place on 22-12-2020 about the public petition n°1698
18/12/2020
Validated paper signatures: 2355
18/12/2020
The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°1698, on 18-12-2020
18/12/2020
Validated electronic signatures: 2620
12/12/2020
The period for signing the public petition n°. 1698 is closed on 12-12-2020 - Number of electronic signatures before validation: 2681
31/10/2020
The public petition n°1698 is open for signature, on 31-10-2020
30/10/2020
Statement of admissibility
30/10/2020
The public petition n°1698 was declared admissible by the Committee on Petitions on 30-10-2020
28/10/2020
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1698, on 28-10-2020
26/10/2020
The petition public n°1698 is submitted the 26-10-2020
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 2620 were valid.
Verified signatures
4 975 / 4 500