Public n°1414

Petitioner: Justin Petkus

Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984

Purpose of the petition

D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der ... more

Reasons for the petition

D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert. Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann ... more

ended  30.12.2019
1407 /4.500
31%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
13.02.2020

Closing statement

12.02.2020

The public petition n°1414 is closed on 12-02-2020

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2020

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

08.01.2020

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1414, on 08-01-02020 - Number of signatures after validation: 1407

08.01.2020

Validated paper signatures: 42

08.01.2020

Validated electronic signatures: 1365

31.12.2019

The period for signing the public petition n°. 1414 is closed on 31-12-2019 - Number of electronic signatures before validation: 1365

19.11.2019

The public petition n°1414 is open for signature, on 19-11-2019

18.11.2019

Text of the petition

18.11.2019

Statement of admissibility

14.11.2019

The public petition n°1414 is declared admissible by the Conference of Presidents on 14-11-2019

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 19-11-2019 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 30-12-2019 at 11:59 p.m.

13.11.2019

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1414, on 13-11-2019

Opinion of the Committee on Petitions: positive

15.10.2019

The petition public n°1414 is submitted the 15-10-2019

Title of the petition: Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984

Aim of the petition: D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der Demografie vum Land am Joer 2019. Tëschent 1981 an haut ass d‘Bevölkerung ëm 62% gewuess an d‘Unzuel vun den Auslänner huet sech bal verdräifacht. Haut sinn ongeféier 48% vun der Populatioun keng Lëtzebuerger.

 

Englesch ass d‘Lingua franca vum Finanzsektor an aneren wirtschaftlechen Sektoren ginn, souwéi an der méi héicher Edukatioun an an der Wëssenschaft. Déi offiziell Sproochen vun der Universitéit vun Lëtzebuerg sinn z.B. Englesch, Däitsch a Franséisch. Zënter der Vergéisserung vun der Europäescher Unioun am Joer 2004, ass Englesch déi wichtegst Sprooch vun EU Institutiounen.

 

D‘Unzuel vun den Awunner déi aus engleschsproochegen Länner oder Länner kommen wou Englesch schon zënter laanger Zäit als Haaptfriemsprooch benotzt gëtt, ass sou grouss wéi nach ni an der Lëtzebuerger Geschicht. Statistiken no liewen Auslänner vun méi wéi 170 Nationalitéiten am Groussherzogtum.

 

Well et méi a méi Engleschsproocheger zu Lëtzebuerg ginn an well Englesch eng weltwäit unerkannten Lingua franca ass, gëtt virgeschloen d‘Sproochegesetz vum Februar 1984 ëm ze änneren fir Englesch als administrativ Sprooch un ze erkennen.

 

Wéi et am Motto vum Groussherzogtum, wat 2019 iwwerall am Land ze fannen ass, heescht: “Let‘s Make it Happen”.

Motivation of the general interest of the petition: D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert.

 

Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann een d‘Nationalitéit wéll kréien, een Franséisch oder Däitsch muss léieren, mee se sinn awer am administrativen Gesetz and se ginn an der Aarbëschtswelt vun engem erwaart. Englesch als Sprooch am administrativen Gesetz bäi ze fügen géif méi Méiglechkeeten schafen fir Leit déi keen Franséisch oder Däitsch schwetzen, a géif déi international Populatioun vu Lëtzebuerg reflektéiren. Firmen géifen dovun profitéiren wéinst enger erweiderter Auswiel un Talenter wann Englesch an den Administrativensproochen abegraff wäer.

 

D‘Gesondheetswiesen ass een vun de wéinegen Sektoren zu Lëtzebuerg wou Englesch lues agesat ginn ass. Dëst huet negativ Konsequenzen op Leit déi Däitsch schwetzen oder keen Franséisch, well wichteg Gesondheetsinformatiounen meeschtens nëmmen op Franséisch matgedeelt ginn. Sou ginn déi aner zwou administrativ Sproochen, Lëtzebuergesch and Däitsch ausgeschloss. Et ass immens wichteg dass Patienten Broschüren, Krankenakten, Informatiounen déi mat hierer Gesondheet etc. ze dinn hunn an enger Sprooch kréien déi se verstinn.

 

Englesch als administrativ Sprooch bäizefügen géif d'Méiglechkeet erhéichen dass d‘Lëtzebuerger Bevölkerung an enger Sprooch kommunizéiert déi global verstanen gëtt. Luxembourg: Let's Make it Happen.