Fir e Verbuet vun der Klappjuegd - Petitions
Fir e Verbuet vun der Klappjuegd
Public petition n°1156
Petitioner: Mike Clemens
Purpose of the petition
D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.
Reason for the petition
Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden. Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet. Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.
Public debate
Key information
Petition discussed in a public debate
Submission date
23/11/2018
Opening of the signature collection
20/12/2018
Additional information
Petition background
Petition signatories
08/01/2020
An exchange of views took place on 08-01-2020 on the petition public n°1156
Minutes of the meeting
27/11/2019
An exchange of views took place on 27-11-2019 on the petition public n°1156
Minutes of the meeting
05/07/2019
The public petition no. 1156 was transferred to the parliamentary committee on the 05-07-2019
Parliamentary committees: Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Energie et de l'Aménagement du territoire
05/07/2019
A public debate in committee took place on 05-07-2019 about the public petition n°1156
Minutes of the meeting
14/02/2019
Validated electronic signatures: 6562
14/02/2019
The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°1156, on 14-02-2019
31/01/2019
The period for signing the public petition n°. 1156 is closed on 31-01-2019 - Number of electronic signatures before validation: 6752
20/12/2018
The public petition n°1156 is open for signature, on 20-12-2018
20/12/2018
Statement of admissibility
17/12/2018
The public petition n°1156 was declared admissible by the Committee on Petitions on 17-12-2018
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 20-12-2018 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 31-01-2019 at 11:59 p.m.
13/12/2018
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1156, on 13-12-2018
Opinion of the Committee on Petitions: positive
23/11/2018
The petition public n°1156 is submitted the 23-11-2018
Title of the petition: Fir e Verbuet vun der Klappjuegd Aim of the petition: D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn. Motivation of the general interest of the petition: Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden. Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet. Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.
Signature collection over
After analysing all the registered signatures, 6562 were valid.
Verified signatures
6 562 / 4 500
