Petitionnär/in: Joé Schmit
Den Token Luxtrust soll weiderhin bestoen bleiwen
Zil vun der Petitioun
D'Zil soll et sin dass den Token vun Luxtrust soll weiderhin bestoen an net ersat gin durch d'Luxtrust Mobile App. Ausserdem sollen d'Fraisen op der Bank fir zum Beispill Virementen ze machen konsequent rem ofgeschaft gin
Motivatioun vun der Petitioun
Et gin Leit (net nemmen äler Leit) dei d'Meiglechkeet net hun fir Smartphone, Tablet,.. privat ze hun an fir et denen Leit mei einfach ze machen soll den Token vun Luxtrust weiderhin erhalen bleiwen. An Leit dei gezwongenermoossen mussen op d'Bank goen fir e Virement ze machen, sollen keng ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3193 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-09-2024 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 367
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 367
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3193 z'ënnerschreiwen ass den 06-08-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 367
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3193 ka vum 25-06-2024 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3193 gouf den 20-06-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-06-2024 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-08-2024 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 19-06-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3193 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3193 gouf den 28-05-2024 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Den Token Luxtrust soll weiderhin bestoen bleiwen
Zil vun der Petitioun: D'Zil soll et sin dass den Token vun Luxtrust soll weiderhin bestoen an net ersat gin durch d'Luxtrust Mobile App. Ausserdem sollen d'Fraisen op der Bank fir zum Beispill Virementen ze machen konsequent rem ofgeschaft gin
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et gin Leit (net nemmen äler Leit) dei d'Meiglechkeet net hun fir Smartphone, Tablet,.. privat ze hun an fir et denen Leit mei einfach ze machen soll den Token vun Luxtrust weiderhin erhalen bleiwen. An Leit dei gezwongenermoossen mussen op d'Bank goen fir e Virement ze machen, sollen keng Fraisen mei brauchen ze bezuelen.