Ëffentlech n°2840

Petitionnär/in: Vicky Wishof

Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

Zil vun der Petitioun

Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze ... méi

ofgelaf  05.09.2023
833 /4.500
19%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.12.2023

Deklaratioun vun der Cloture

06.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2840 ass den 06-12-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

11.10.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2840 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-10-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 833

11.10.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 833

06.09.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2840 z'ënnerschreiwen ass den 06-09-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 833

26.07.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2840 ka vum 26-07-2023 un ënnerschriwwe ginn

25.07.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

25.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2840 gouf den 25-07-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-07-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-09-2023 um 23h59

24.07.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-07-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2840 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

17.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2840 gouf den 17-07-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

Zil vun der Petitioun: Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser Zesummenaarbecht tëscht alle Bedeelegten am Land an iwwert d'Grenz eraus sinn. Eltere brauche méi Entlaaschtung bei chronesch / irreversibel erkrankte Kanner. Beanträchtegt Kanner ënnert engem Joer ginn dacks net als méi hëllefsbedürfteg wéi aner Puppelcher ugesinn, mat dem Argument se wiere souwisou op een ugewisen - och wann d'Famill Aarbecht a Fréifuerderung duerch extern Servicer zäitlech / finanziell net matenee kooridnéiert kritt. Wann de Krankheetsausléiser dobäi net fonnt ka ginn, gëtt och d'Behënnerung gär net als eng wouergeholl. Grad dës Kanner brauchen awer vill Fréifuerderung fir Réckstand opzehuelen, a keng Etikett. D'Famill brauch déi néideg Ressource fir dëst mam Beruff ze koordinéieren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze spéit erkannt, den Ausléiser vill ze spéit oder guer net gesicht. Famillje gi mat hirem Dossier an d'Ausland, wat mat enormem Opwand verbonnen ass, deelweis guer net méiglech ass. Mam berufflechen Alldag zesummen ass dat alles quasi net ze stemmen. D'Spidol an och d'Famillje brauchen dréngend déi néideg Ënnerstëtzung - sierf et just wärend dem Diagnostikprozess, oder je no Besoin vun der Famill, och iwwert den Diagnostikprozess eraus. Och Kanner ënnert engem Joer souwéi individuell Familljekonstellatioune sollen hei berücksichtegt ginn. D'Bevölkerung wiisst, an de Probleem dierf a kann net länger ignoréiert ginn.