Ëffentlech n°2652

Petitionnär/in: René Thill

Congé fir een Elterendeel an de Schoulvakanzen an der Primärschoul

Zil vun der Petitioun

- dem Kand ass ed méiglech rofzekommen no den Schoulzäiten, an net nach an de Vakanzen mussen an eng Maison Relais oder soss ähnlech Servicer ze goen. Kand ass méi Stressresistent well ed net dauerhaft op engem Stresslevel ass. -Méi Kand-Elterenzäit (Mamm,Papp oder ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

-Besser fir de Gesondheetssystem durch manner Stress vun den Elteren an Kand -Entlaschten vun den edukativen Servicer/Personal... - Zäit fir allgemeng Projeten (Natur, Benevolat, Altersheem Austausch teschent Jonk & Aal,....) -Méi grousst Interesse un méi Fräizäitaktivitéit gin durch ... méi

ofgelaf  17.04.2023
321 /4.500
7%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
28.06.2023

Deklaratioun vun der Cloture

26.06.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2652 ass den 26-06-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

10.05.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

10.05.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2652 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-05-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 321

10.05.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 321

18.04.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2652 z'ënnerschreiwen ass den 18-04-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 321

07.03.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2652 ka vum 07-03-2023 un ënnerschriwwe ginn

07.03.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

06.03.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2652 gouf den 06-03-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-03-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-04-2023 um 23h59

02.03.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 02-03-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2652 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

22.02.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2652 gouf den 22-02-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Congé fir een Elterendeel an de Schoulvakanzen an der Primärschoul

 

 

 

Zil vun der Petitioun: - dem Kand ass ed méiglech rofzekommen no den Schoulzäiten, an net nach an de Vakanzen mussen an eng Maison Relais oder soss ähnlech Servicer ze goen.

Kand ass méi Stressresistent well ed net dauerhaft op engem Stresslevel ass.

 

-Méi Kand-Elterenzäit (Mamm,Papp oder Erzéihungsberechtegten)

 

- méi Eegenengagement an der Erzéihung durch méi Zäit. Kand muss manner an eng Maison Relais, Crèche Oder Daagsmamm...

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: -Besser fir de Gesondheetssystem durch manner Stress vun den Elteren an Kand

 

-Entlaschten vun den edukativen Servicer/Personal...

 

- Zäit fir allgemeng Projeten (Natur, Benevolat, Altersheem Austausch teschent Jonk & Aal,....)

 

-Méi grousst Interesse un méi Fräizäitaktivitéit gin durch méi Familienzäit ( allgemengt Wessen fördernd durch Aktivitéiten...)