Ëffentlech n°2627

Petitionnär/in: Kevin Serafini

Erhéijen vun den "Extra Congésdeeg" bei engem Stierffall

Zil vun der Petitioun

Dës Petitioun proposéiert d'Zuel vun de gesetzleche Congésdeeg am Stierffall vun engem Familljemember erop ze setzen, an zwar: Fir de Partner/Mann-Fra duerch Bestietnis: vun  aktuell 3 Deeg op 7 Deeg   Elteren/Schwéierelteren: Kanner/Stéifkanner 1ste Grad: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg  ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Bei engem Stierffall vun engem Familljemember huet een nom Gesetz e puer extra Deeg Congé zegutt fir kënnen eng éischt Traueraarbecht ze maachen a sech em all Formalitéiten ze këmmeren. D'Erfarung weist awer, datt déi Demarchen kënne ganz komplex sinn a vill Zäit erfuerderen. Iwwer d'Joren ... méi

ofgelaf  07.04.2023
951 /4.500
21%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
28.06.2023

Deklaratioun vun der Cloture

26.06.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 ass den 26-06-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

10.05.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

10.05.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2627 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-05-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 951

10.05.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 951

08.04.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2627 z'ënnerschreiwen ass den 08-04-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 951

27.02.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

25.02.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2627 ka vum 25-02-2023 un ënnerschriwwe ginn

24.02.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 gouf den 24-02-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-02-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-04-2023 um 23h59

22.02.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-02-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

06.02.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2627 gouf den 06-02-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Erhéijen vun den "Extra Congésdeeg" bei engem Stierffall

Zil vun der Petitioun: Dës Petitioun proposéiert d'Zuel vun de gesetzleche Congésdeeg am Stierffall vun engem Familljemember erop ze setzen, an zwar:

 

Fir de Partner/Mann-Fra duerch Bestietnis: vun  aktuell 3 Deeg op 7 Deeg

 

Elteren/Schwéierelteren:

Kanner/Stéifkanner 1ste Grad: vun aktuell 3 Deeg op 7 Deeg

 

Stéifelteren oder Familljemember 2te Grad: ewéi zb. Grousselteren , Enkelen , Brudder/Schwëster , Stéifbrudder/Stéifschwëster : vun aktuell 1 Dag op 3 Deeg

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Bei engem Stierffall vun engem Familljemember huet een nom Gesetz e puer extra Deeg Congé zegutt fir kënnen eng éischt Traueraarbecht ze maachen a sech em all Formalitéiten ze këmmeren. D'Erfarung weist awer, datt déi Demarchen kënne ganz komplex sinn a vill Zäit erfuerderen. Iwwer d'Joren sinn d'Zuel an d'Komplexitéit vun deenen administrativen Demarchen am Stierffall och net méi kleng oder méi einfach ginn, z.B. wann ee mat Banken, Assurancen an esou weider ze dinn huet.  Et wär dowéinst ubruecht, d'Zuel vun deenen entspriechende Congésdeeg no uewen unzepassen."