Ëffentlech n°2007

Petitionnär/in: Gérard Koneczny

E Referendum iwwert ons Verfassungsreform

Zil vun der Petitioun

Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst. Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach. Et wier e ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren. Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn: - Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche ... méi

ofgelaf  08.11.2021
18645 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
25.11.2021

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 25-11-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2007

17.11.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 huet den 17-11-2021 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

17.11.2021

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 833

17.11.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 17812

09.11.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 z'ënnerschreiwen ass den 09-11-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 18579

28.09.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 ka vum 28-09-2021 un ënnerschriwwe ginn

28.09.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

24.09.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2007 gouf den 24-09-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-09-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-11-2021 um 23h59

22.09.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-09-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2007 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

17.09.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2007 gouf den 17-09-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: E Referendum iwwert ons Verfassungsreform

Zil vun der Petitioun: Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst.

Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach.

Et wier e Vertrauensbroch, wann d'Koalitiounsparteien hiert Verspriechen net géifen anhalen. Wei kéint een denen dann nach trauen?

De Lëtzebuerger Wieler soll am Detail an objektiv erkläert kréien wat sech duerch déi Verfaassungsreform ännert. Dëst an den 3 ofizielle Sproochen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren.

Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn:

- Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche Staatsziler ass de Risiko verbonnen, datt biergerlech Grondrechter ageschränkt ginn.

- Dérogation non excessif: - Wéi ass dee Begrëff "dérogation non excessive " beim Aussetzen vun Verfaassungsrechter ze interpretéieren?

- Monarchie: - De Lëtzebuerger soll entscheeden op en eng Reform vun der Monarchie wëll an op dëss nei Verfassung net a Richtung vun enger schrëttweiser Ofschafung vun der Monarchie duerch d'Hannerdier wëll goen. Mir erënneren eis un de Referendum vun 1919!

- D'Rechter vun der Famill a vun de Kanner: - De Lëtzebuerger Wieler soll kënnen entscheeden, ob en de Schutz vun der Famill an der mënschlecher Persoun duerch déi nei Verfassung wëll änneren oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden, ob déi nei Verfassung d'Rechter vun de Kanner an d'Recht vun den Elteren fir hir Kanner selwer ze erzéien genuch schützt oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden op et e "Recht op e Kand" soll ginn an ob d'Recht op d'Liewen net och misst an der Verfassung stoen.