Ëffentlech n°340

Petitionnär/in: Nora Schleich

Contre l'élevage et l'utilisation des animaux au cirque

Zil vun der Petitioun

Il s'agit de sensibiliser aux conditions terribles que les animaux du cirques doivent subir pour ne rien que notre plaisir Et as net oofzestreiden, dat Zirkusdéieren an engem haarden Business doheem mussen sen. Oftmools mussen si an absolut miserabelen Konditiounen hiert Dasein fristen. D'Prioritéit vun der aartgerechter Haltung ass an deem Milieu sëcher vergiess oder KANN mol guer net erfëllt gin. Et as nimols am Sënn vun engem Déier, sief et exotesch oder och net, fier als éischt an enger Remorque oder Ähnlechem am Wochenrhythmus hin an hier gefouert ze gin. Stress, Nervositéit an Angscht sen Gemittszoustänn, déi d' Déier op dësem Wee begleeden. Gefroot, op et dat hinhuelen wéilt, gouf et net. Den Mënsch huet décideiert. Wann déi ugestrieften Destinatioun dann schlussendlech erreecht gouf, geet den Stress fier den Tiger oder d’Zebra virun: En enken Käfeg, op enger Plaaz déi em gänzlech friem ass, soll elo sain „Ort der Ruhe“ fier déi nächst Deeg sen. Eng friem Plaaz, friem Gerëcher, aner Leit, an Kaméidi? En plus ass et och do nees net méiglech déi optimal Infrastrukturen ze schafen, déi dem Tiger-Dasein gereicht kéinten gin. Doriwwer hinaus, an un sech géif dat sënnlost an nervenzerräissend hin an hier Gejaabels eigentlech schon Grond genug sin fier en Verbuet auszeschwätzen - geet et nach wieder, oder besser gesoot, elo emol réicht richteg lass. Fier dat den Zirkus-Client, den Konsument, richteg op seng Käschten kommen kann, an een extravagant, exotëscht an doriwer hinaus onvergiesslëcht Spektakel präsentéiert kann kréien, muss dat – sou aussergewéinlech wéi méiglecht – Déier allerlee Lektiounen an Konschtstécker am Petto hun. Et as wuel méiglech, dat een Déier Spaass um Léieren an Ausféieren kann hun, mee soubaal et dorëm geet, daat den Trick esou séier wéi méiglech, esou gudd wéi méiglech an esou oofruffbar wéi méiglech MUSS sin – den „muss“ well et em d’Geld geet wat herno bei gelongener Opféierung an d’Keesen kennt – dann verännert sech d’Grondmotiv dovun, wéisou mier engem Déier iwerhapt eppes bäibrengen. Et geet em den Pläséier vum Konsument. Et geet also nët méi drëm, dem Déier Spaass an Freed ze bereeden, an deems mer mat him Spillen an Laachen, an och just daat als Haaptgrond hun. Et geet em Drock an Mussen. Am Zirkus geet et drëm, Geld ze machen, an méiglechst vill Leit unzelackelen, déi bereed sen, ze bezuelen. An dofier muss d’Zirkusdéier funktionnéieren. Et muss wéi en Film oofspillbar sin, et därf keng Patzer machen, an, rieden mer nët ëm den Bräi rondrëm, fier dat ze ereechen gräifen d’Traineren an dësem Gebitt haapt

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  21.06.2014
600 /4.500
13%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.08.2014

Prise de position du Ministre de l'Economie

14.07.2014

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 600

14.07.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 340 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 600

Reklassement: ze reklasséieren

23.06.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 340 z'ënnerschreiwen ass den 23-06-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 610

16.05.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 340 z'ënnerschreiwen ass den 16-05-2014 bis den 21-06-2014 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-06-2014

12.05.2014

Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission de l'Economie et à la Commission de l'Agriculture, de la Viticulture, du Développement rural et de la Protection des Consommateurs

09.05.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 340 ka vum 09-05-2014 un ënnerschriwwe ginn

08.05.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 340 gouf den 08-05-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-05-2014 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-06-2014 um 23h59

07.05.2014

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-05-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 340 ass positiv

07.04.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 340 gouf den 07-04-2014 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Contre l'élevage et l'utilisation des animaux au cirque

Zil vun der Petitioun: Il s'agit de sensibiliser aux conditions terribles que les animaux du cirques doivent subir pour ne rien que notre plaisir

 

Et as net oofzestreiden, dat Zirkusdéieren an engem haarden Business doheem mussen sen. Oftmools mussen si an absolut miserabelen Konditiounen hiert Dasein fristen. D'Prioritéit vun der aartgerechter Haltung ass an deem Milieu sëcher vergiess oder KANN mol guer net erfëllt gin. Et as nimols am Sënn vun engem Déier, sief et exotesch oder och net, fier als éischt an enger Remorque oder Ähnlechem am Wochenrhythmus hin an hier gefouert ze gin. Stress, Nervositéit an Angscht sen Gemittszoustänn, déi d' Déier op dësem Wee begleeden. Gefroot, op et dat hinhuelen wéilt, gouf et net. Den Mënsch huet décideiert.

Wann déi ugestrieften Destinatioun dann schlussendlech erreecht gouf, geet den Stress fier den Tiger oder d’Zebra virun: En enken Käfeg, op enger Plaaz déi em gänzlech friem ass, soll elo sain „Ort der Ruhe“ fier déi nächst Deeg sen. Eng friem Plaaz, friem Gerëcher, aner Leit, an Kaméidi? En plus ass et och do nees net méiglech déi optimal Infrastrukturen ze schafen, déi dem Tiger-Dasein gereicht kéinten gin.

Doriwwer hinaus, an un sech géif dat sënnlost an nervenzerräissend hin an hier Gejaabels eigentlech schon Grond genug sin fier en Verbuet auszeschwätzen - geet et nach wieder, oder besser gesoot, elo emol réicht richteg lass. Fier dat den Zirkus-Client, den Konsument, richteg op seng Käschten kommen kann, an een extravagant, exotëscht an doriwer hinaus onvergiesslëcht Spektakel präsentéiert kann kréien, muss dat – sou aussergewéinlech wéi méiglecht – Déier allerlee Lektiounen an Konschtstécker am Petto hun. Et as wuel méiglech, dat een Déier Spaass um Léieren an Ausféieren kann hun, mee soubaal et dorëm geet, daat den Trick esou séier wéi méiglech, esou gudd wéi méiglech an esou oofruffbar wéi méiglech MUSS sin – den „muss“ well et em d’Geld geet wat herno bei gelongener Opféierung an d’Keesen kennt – dann verännert sech d’Grondmotiv dovun, wéisou mier engem Déier iwerhapt eppes bäibrengen.

Et geet em den Pläséier vum Konsument. Et geet also nët méi drëm, dem Déier Spaass an Freed ze bereeden, an deems mer mat him Spillen an Laachen, an och just daat als Haaptgrond hun. Et geet em Drock an Mussen.

Am Zirkus geet et drëm, Geld ze machen, an méiglechst vill Leit unzelackelen, déi bereed sen, ze bezuelen. An dofier muss d’Zirkusdéier funktionnéieren. Et muss wéi en Film oofspillbar sin, et därf keng Patzer machen, an, rieden mer nët ëm den Bräi rondrëm, fier dat ze ereechen gräifen d’Traineren an dësem Gebitt haapt