Petitionnär/in: Jennifer in't Groen
Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.
Zil vun der Petitioun
Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag. Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt musse Steieren, Krankenkeessbäitreeg asw. ofzegi soulaang si nach léieren oder studéieren.
Motivatioun vun der Petitioun
Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ass et oft schwiereg Personal ze fannen déi just vir eng kuerz Dauer schaffe wëllen. Student/-innen a Schüler/-inne kënne vir dës Branchen ee Manktem u Personal opfänken, an an engems eppes verdéngen, ouni doriwwer Ofgaben ze musse leeschten. Et ass vir Student/-innen a Schüler/-innen oninteressant ee Contrat à durée déterminée ofzeschléisse wann si nach am Studiengang sinn. De Beschäftegungsvertrag erlaabt et hinnen d'Konzentratioun op dem Studium ze halen, an awer schaffen ze kënnen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2550 ass disponibel, den 31-07-2023
Minister(en): Monsieur Georges Engel, Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Economie sociale et solidaire
Prise de position gouvernementaleEng Stellungsnam ass den 28-06-2023 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2550 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur Georges Engel, Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Economie sociale et solidaire