Ëffentlech n°2550

Petitionnär/in: Jennifer in't Groen

Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.

Zil vun der Petitioun

Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag. Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt musse Steieren, Krankenkeessbäitreeg asw. ofzegi soulaang si nach léieren oder studéieren.

Motivatioun vun der Petitioun

Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ass et oft schwiereg Personal ze fannen déi just vir eng kuerz Dauer schaffe wëllen. Student/-innen a Schüler/-inne kënne vir dës Branchen ee Manktem u Personal opfänken, an an engems eppes verdéngen, ouni doriwwer Ofgaben ze musse leeschten. Et ass vir Student/-innen a Schüler/-innen oninteressant ee Contrat à durée déterminée ofzeschléisse wann si nach am Studiengang sinn. De Beschäftegungsvertrag erlaabt et hinnen d'Konzentratioun op dem Studium ze halen, an awer schaffen ze kënnen.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  27.02.2023
426 /4.500
10%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
26.06.2023

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 2550 den 26-06-2023

10.05.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

10.05.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2550 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-05-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 426

10.05.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 426

14.03.2023

Nombre de signatures sur papier avant validation: 47

28.02.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2550 z'ënnerschreiwen ass den 28-02-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 426

17.01.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2550 ka vum 17-01-2023 un ënnerschriwwe ginn

16.01.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.01.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2550 gouf den 12-01-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-01-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-02-2023 um 23h59

11.01.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-01-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2550 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

04.12.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2550 gouf den 04-12-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.

Zil vun der Petitioun: Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag.

Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt musse Steieren, Krankenkeessbäitreeg asw. ofzegi soulaang si nach léieren oder studéieren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ass et oft schwiereg Personal ze fannen déi just vir eng kuerz Dauer schaffe wëllen.

 

Student/-innen a Schüler/-inne kënne vir dës Branchen ee Manktem u Personal opfänken, an an engems eppes verdéngen, ouni doriwwer Ofgaben ze musse leeschten.

Et ass vir Student/-innen a Schüler/-innen oninteressant ee Contrat à durée déterminée ofzeschléisse wann si nach am Studiengang sinn. De Beschäftegungsvertrag erlaabt et hinnen d'Konzentratioun op dem Studium ze halen, an awer schaffen ze kënnen.