Petitionnär/in: André Schmit
Fir déi jäerlech Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun
Zil vun der Petitioun
Et geet drëm ze verhënneren dat een duerch Bezuelen vun Index Tranchen nit méi Steieren bezilt an deem Steier Tabellen un Inflatioun ugepasst gett an dat am beschten ex-ante zu der erwaarter Inflatioun am Joer X +1. Eng Ex-post Upassung ass och nach emmer besser wei keng. Dei sougenannte kal Progressioun mécht och Dausenden vun Leit aus dem Niddereg Loun Feld, dei keng Steieren bezilt hunn, zu Steier Pflichtegen ouni dat se reell och nemmen een Cent méi verdéngen géifen. Deen groussen Profiteur ass de Staat deen ouni een Fanger kromm ze maachen duerch Steier Progressioun emmer méi Steieren kritt. A contrario heescht dat Steierzueler den Ausgläich vun der Deierreg duerch Index Tranchen nemmen deelweis kompenséiert kréien an emmer méi veraarmen. Et kann een och fir gesinn dat Tabellen an deen héchsten Stuffen nemmen deelweis oder guer nit ugepasst ginn oder nei Stuffen derbai kommen. Lëtzebuerg ass een vun deen wéinegen Länner an der EU wou Steier Tabellen nit Inflatiouns berengegt ginn. Besonnesch an Zäiten vun heeger Inflatioun gett dei heemlech Steier Erhéiung emmer méi ongerecht. Et ass keen Steier Cadeau a wann een méi laang wäert gett emmer méi schwiereg den Ausfall vun den ongerecht agedriwwen en Steieren ze kompenséieren . Et ass schlëmm genuch dat de Staat mengt Upassung fir net ze finanzéieren. Dat ass wahrscheinlech richteg, well een iwwert sengen finanziellen Verhältnisser lieft an Suen ausgëtt dei him eigentlech nit gehéieren .
Motivatioun vun der Petitioun
Motivatioun erkläert sech per se duerch den But. Mei Steiergerechtegkeet fir jidder een..
D’Etappe vun dëser Petitioun
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2438 ass disponibel, den 01-02-2024
Minister(en): Monsieur Gilles Roth, Ministre des Finances
Prise de position gouvernementaleEng Stellungsnam ass den 13-09-2023 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2438 ugefrot ginn
Minister(en): Madame Yuriko Backes, Ministre des Finances
Eng Stellungsnam ass den 01-12-2022 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2438 ugefrot ginn
Minister(en): Madame Yuriko Backes, Ministre des Finances