Einfach n°2362

Petitionnär/in: André Vandendries

Fir de Majorzsystem bei de Gemengewalen bei Gemengen bis zu 15.000 Awunner. Pour le système à la majorité relative aux élections communales dans les communes jusqu'à 15 000 habitants.

Zil vun der Petitioun

Stäerkung vum Majorzsystem bei de Gemengewalen duerch d'Eropsetze vun der Zuel vun den Awunner bei der Berechnung vum Majorz- respektiv vum Proporzsystem vun 3.000 op 15.000. Renforcement du système à la majorité relative aux élections communales, en portant le nombre d'habitants dans le calcul pour passer du système à la majorité relative au système de la représentation proportionnelle de 3 000 à 15 000.

Motivatioun vun der Petitioun

Dat ofgeännert Walgesetz vum 18. Februar 2003 schreift vir, datt an de Gemenge mat manner wéi 3.000 Awunner nom Majorzsystem (eenzel Kandidaten) a mat enger Awunnerzuel vun 3.000 a méi nom Proporzsystem (Lëschte mat Kandidaten) gestëmmt gëtt. Duerch d'Wuesse vun den Awunnerzuelen an och duerch e puer Gemengefusiounen sinn an de leschte Joren eng Rei vu Gemengen an de Proporzsystem era gerutscht, sou datt fir d'Walen d'nächst Joer déi éischte Kéier méi Gemengen am Proporz- wéi am Majorzsystem wäerte sinn. An de klenge bis mëttelgrousse Gemengen identifizéiert sech de Bierger éischter mat eenzele Leit wéi mat Parteien oder Gruppéierungen. Doriwwer eraus verhënnert de Proporzsystem och um praktesche Plang, datt eenzel Leit, déi sech duerchaus fir d'Gemengepolitik interesséieren, awer sech net parteipolitesch banne wëllen, iwwerhaapt nach eng Chance hunn, fir sech als Eenzelkandidat opzesetzen. La loi électorale modifiée du 18 février 2003 stipule que dans les communes de moins de 3 000 habitants le vote se fait au scrutin à la majorité relative (candidats individuels) et de 3 000 habitants et plus au scrutin proportionnel (listes de candidats). En raison de l'augmentation de la population et également en raison de certaines fusions communales, un nombre plus élevé de communes sont entrées dans le système de la représentation proportionnelle ces dernières années, de sorte qu'il y aura, pour les élections de l'année prochaine, pour la première fois, plus de communes en système de la représentation proportionnelle qu'en système à la majorité relative. Dans les petites et moyennes communes, le citoyen s'identifie à des candidats individuels plutôt qu'à des partis ou à des groupes. De plus, le système de la représentation proportionnelle empêche également, sur le plan pratique, que des personnes qui s'intéressent pourtant à la politique communale, mais qui n'ont aucun intérêt pour s'impliquer dans un parti, aient la chance de se présenter comme candidats individuels.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
04.04.2023

Deklaratioun vun der Cloture

30.03.2023

D'einfach Petitioun Nr. 2362 ass den 30-03-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite

16.01.2023

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär

22.12.2022

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2362 ass disponibel, den 22-12-2022

Minister(en): Madame Taina Bofferding, Ministre de l'Intérieur

Prise de position gouvernementale Prise de position gouvernementale
28.10.2022

Eng Stellungsnam ass den 28-10-2022 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2362 ugefrot ginn

Minister(en): Madame Taina Bofferding, Ministre de l'Intérieur

26.10.2022

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 2362, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 26-10-2022