Petitionnär/in: Pia Klein
Eng blo Luucht fir d'Dokteren déi op ee Noutfall fuere mussen
Zil vun der Petitioun
Eng blo Luucht fir d’Dokteren, déi op een Noutfall fuere mussen. Dacks kann et daueren, besonnesch am ländleche Raum, bis de SAMU op enger Plaz ukënnt, wou een Akzident geschitt ass oder een anere Noutfall agetraff ass (Häerzinfarkt, Harespelsstéch, …). Oft gëtt dann den Dokter aus der Noperschaft geruff, dee séier versicht fir op der Plaz ze sinn a kucke muss, duerch den Trafic ze kommen. Dofir ass et essentiell fir enger gewëssener Zuel vun Dokteren eng blo Luucht zur Verfügung ze stellen, déi si just am Noutfall asetzen däerfen, sou wéi dat zum Beispill an Éisträich de Fall ass. An deem Sënn ass et noutwendeg de Code de la route punktuell ze änneren, fir de Patienten am Noutfall schnellstméiglech zur Hëllef ze kommen.
Motivatioun vun der Petitioun
Jidfereen kann mol an en Noutfall kommen, an dann wier en frouh wann daat am Gesetz geännert wier.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 181
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1045 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 18-09-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 203
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1045 z'ënnerschreiwen ass den 15-08-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 181
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1045 ka vum 03-07-2018 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1045 gouf den 28-06-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-07-2018 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 14-08-2018 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 21-06-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1045 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1045 gouf den 13-06-2018 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Eng blo Luucht fir d'Dokteren déi op ee Noutfall fuere mussen
Zil vun der Petitioun: Eng blo Luucht fir d’Dokteren, déi op een Noutfall fuere mussen.
Dacks kann et daueren, besonnesch am ländleche Raum, bis de SAMU op enger Plaz ukënnt, wou een Akzident geschitt ass oder een anere Noutfall agetraff ass (Häerzinfarkt, Harespelsstéch, …).
Oft gëtt dann den Dokter aus der Noperschaft geruff, dee séier versicht fir op der Plaz ze sinn a kucke muss, duerch den Trafic ze kommen.
Dofir ass et essentiell fir enger gewëssener Zuel vun Dokteren eng blo Luucht zur Verfügung ze stellen, déi si just am Noutfall asetzen däerfen, sou wéi dat zum Beispill an Éisträich de Fall ass.
An deem Sënn ass et noutwendeg de Code de la route punktuell ze änneren, fir de Patienten am Noutfall schnellstméiglech zur Hëllef ze kommen.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Jidfereen kann mol an en Noutfall kommen, an dann wier en frouh wann daat am Gesetz geännert wier.