Ëffentlech n°2438

Petitionnär/in: André Schmit

Fir déi jäerlech Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun

Zil vun der Petitioun

Et geet drëm ze verhënneren dat een duerch Bezuelen vun Index Tranchen nit méi Steieren bezilt an deem Steier Tabellen un Inflatioun ugepasst gett an dat am beschten ex-ante zu der erwaarter Inflatioun am Joer X +1. Eng Ex-post Upassung ass och nach emmer besser wei keng. Dei sougenannte kal Progressioun mécht och Dausenden vun Leit aus dem Niddereg Loun Feld, dei keng Steieren bezilt hunn, zu Steier Pflichtegen ouni dat se reell och nemmen een Cent méi verdéngen géifen. Deen groussen Profiteur ass de Staat deen ouni een Fanger kromm ze maachen duerch Steier Progressioun emmer méi Steieren kritt. A contrario heescht dat Steierzueler den Ausgläich vun der Deierreg duerch Index Tranchen nemmen deelweis kompenséiert kréien an emmer méi veraarmen. Et kann een och fir gesinn dat Tabellen an deen héchsten Stuffen nemmen deelweis oder guer nit ugepasst ginn oder nei Stuffen derbai kommen. Lëtzebuerg ass een vun deen wéinegen Länner an der EU wou Steier Tabellen nit Inflatiouns berengegt ginn. Besonnesch an Zäiten vun heeger Inflatioun gett dei heemlech Steier Erhéiung emmer méi ongerecht. Et ass keen Steier Cadeau a wann een méi laang wäert gett emmer méi schwiereg den Ausfall vun den ongerecht agedriwwen en Steieren ze kompenséieren . Et ass schlëmm genuch dat de Staat mengt Upassung fir net ze finanzéieren. Dat ass wahrscheinlech richteg, well een iwwert sengen finanziellen Verhältnisser lieft an Suen ausgëtt dei him eigentlech nit gehéieren .

Motivatioun vun der Petitioun

Motivatioun erkläert sech per se duerch den But. Mei Steiergerechtegkeet fir jidder een..

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  28.10.2022
464 /4.500
10%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
30.11.2022

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 2438 den 30-11-2022

16.11.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

16.11.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2438 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 16-11-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 464

16.11.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 464

29.10.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2438 z'ënnerschreiwen ass den 29-10-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 464

17.09.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2438 ka vum 17-09-2022 un ënnerschriwwe ginn

16.09.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

16.09.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2438 gouf den 16-09-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-09-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-10-2022 um 23h59

09.09.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-09-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2438 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

10.08.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2438 gouf den 10-08-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir déi jäerlech Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun

Zil vun der Petitioun: Et geet drëm ze verhënneren dat een duerch Bezuelen vun Index Tranchen nit méi Steieren bezilt an deem Steier Tabellen un Inflatioun ugepasst gett an dat am beschten ex-ante zu der erwaarter Inflatioun am Joer X +1. Eng Ex-post Upassung ass och nach emmer besser wei keng.

Dei sougenannte kal Progressioun mécht och Dausenden vun Leit aus dem Niddereg Loun Feld, dei keng Steieren bezilt hunn, zu Steier Pflichtegen ouni dat se reell och nemmen een Cent méi verdéngen géifen. Deen groussen Profiteur ass de Staat deen ouni een Fanger kromm ze maachen duerch Steier Progressioun emmer méi Steieren kritt. A contrario heescht dat Steierzueler den Ausgläich vun der Deierreg duerch Index Tranchen nemmen deelweis kompenséiert kréien an emmer méi veraarmen. Et kann een och fir gesinn dat Tabellen an deen héchsten Stuffen nemmen deelweis oder guer nit ugepasst ginn oder nei Stuffen derbai kommen. Lëtzebuerg ass een vun deen wéinegen Länner an der EU wou Steier Tabellen nit Inflatiouns berengegt ginn. Besonnesch an Zäiten vun heeger Inflatioun gett dei heemlech Steier Erhéiung emmer méi ongerecht. Et ass keen Steier Cadeau a wann een méi laang wäert gett emmer méi schwiereg den Ausfall vun den ongerecht agedriwwen en Steieren ze kompenséieren . Et ass schlëmm genuch dat de Staat mengt Upassung fir net ze finanzéieren. Dat ass wahrscheinlech richteg, well een iwwert sengen finanziellen Verhältnisser lieft an Suen ausgëtt dei him eigentlech nit gehéieren .

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Motivatioun erkläert sech per se duerch den But. Mei Steiergerechtegkeet fir jidder een..