Petitions to the Chamber of Deputies

Anyone can submit requests to the Chamber of Deputies in the form of petitions.
There are two types of petition: public petitions and ordinary petitions.

Additional information

Overview of public petitions open for signatures

Reduzéiert Akzisen op Bensin an Diesel fir Residenten a Krisenzäiten

Public petition

4047

Submission date 05/04/2026

OBJECT : Dës Petitioun fuerdert, datt Lëtzebuerg an Zäite vun enger internationaler Ueleg-, Energie- oder Versuergungskris d'Akzisen op Bensin an Diesel nëmme fir Residenten oder fir Gefierer mat lëtzebuergescher Immatrikulatioun reduzéiert. Persounen mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg a Gefierer mat lëtzebuergesche Placke sollen an esou Situatiounen e reduzéierte Präis bezuelen, deen duerch eng méi niddreg Besteierung erméiglecht gëtt. Auslännesch Gefierer an Tanktouristen sollen de normale Präis an déi normal Besteierung bäibehalen. D'Zil ass et, d'Residenten ze entlaaschten, ouni datt de Staat de Kraftstoffpräis direkt subventionéiert oder ëffentlech Gelder fir den Tanktourismus agesat ginn. D'Regierung soll d'Méiglechkeet kréien, temporär: d'Akzisen op Bensin an Diesel fir Residenten ze reduzéieren; den normale Steiersaz fir Net-Residenten an auslännesch Gefierer bäizebehalen; d'Kontroll iwwer d'Immatrikulatioun oder de Wunnsëtz virzegesinn; dës Moossnam automatesch a Kraaft trieden ze loossen, wann eng offiziell Energiekris deklaréiert gëtt oder wann de Präis vum Pëtrol eng festgeluechte Grenz iwwerschreit.

Signature collection

41

Days remaining

Registered signatures

110 / 5 500

De Staat soll Terrain kafen an Tiny Houses fir 500 EUR de Mount verlounen, fir d'Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ze léisen

Public petition

4008

Submission date 16/03/2026

OBJECT : Mir fuerderen d'Lëtzebuerger Regierung an d'Chamber op, konkret Moossnamen ze huelen, fir der akuter Wunnengsnout am Land entgéintzewierken.Mir proposéieren, datt de Staat oder d'Gemengen gezielt Terrain opkaafen, déi aktuell net benotzt ginn oder net fir grouss Immobilieprojeten reservéiert sinn, an dës Plazen fir kleng, energieeffizient Tiny Houses ze notzen.Dësen Projet soll et méiglech maachen, Tiny Houses fir e sozialen Präis vu 500 EUR pro Mount un Bierger am nidderegen oder mëttlere Revenu auszeginn. D'Haaptziil ass, séier bezuelbar a qualitativ Wunnengen ze schafen, besonnesch fir Jonker, Eenzeler an Familljen, déi sech aktuell keng regulär Locatiounen oder Hypotheken leeschte kënnen.Mir plädéiere fir:D'Identifikatioun vu Staats- oder Gemengen-Terrainen, déi fir dëse Projet kënne genotzt ginn.Eng Sécherstellung, datt d'Haiser nohalteg, energieeffizient an ëmweltfrëndlech gebaut ginn.Eng transparent Gestioun mat sozial gerechter Prioritéitslëscht fir Locatairen.D'Promotioun vum Konzept vun alternativen a gemeinschaftleche Wunnformen am ganze Land.Sou en nationale Programm fir Tiny Houses géif net nëmme Wunnengsgeleeënheeten schafen, mee och eng kulturell a wirtschaftlech Dynamik am Land fërderen, déi op Nohaltegkeet a Solidaritéit baséiert.

Signature collection

23

Days remaining

Registered signatures

133 / 5 500

Verbuet vum Niqab a vun der Burka am ganzen ëffentleche Raum

Public petition

3996

Submission date 04/03/2026

OBJECT : De Moment sinn Niqab a Burka nëmmen op e puer ëffentleche Plazen verbueden (am ëffentlechen Transport, an ëffentlechen a private Schoulen, an Administratiounen, asw.). Mir fuerderen d'Verbuet vun islamesche Schleieren, déi dat ganzt Gesiicht bedecken, am ganze ëffentleche Raum.

Signature collection

23

Days remaining

Registered signatures

913 / 5 500

News of public debates

Une hausse de l’allocation repas devrait faire partie de négociations entre Gouvernement et syndicats

Public petition n°3757

10.12.2025 - 09h00

Les sanctions envers Israël seraient « une obligation morale et légale »

Public petition n°3231

02.07.2025 - 08h30