Petitioner: Jean Heuschling
Fir eng steierlech Entlaaschtung vun den Elengerzéier/innen (familles monoparentales)
Purpose of the petition
Vis-à-vis vun enger Koppel gëtt eng „famille monoparentale" vill ze héich besteiert Ech fuerderen 1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2 2. Ofkoppelung vum „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) vum Montant vun den Alimenter 3. Ersetzen vun zousätzlechen Abattementer fir „Familles monoparentales“ duerch méi effektiv Steiererliichterungen, z.B duerch d’Erhéige vum CIM 4. Méiglechkeet ze wielen, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gëtt.
Reasons for the petition
Steiergerechtegkeet soll et an alle Situatiounen an an alle Steierklasse ginn. 1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2 Aus de Steiertabellen 2016 geet ervir, dat Elengerzéier/innen (Papp oder Mamm) (famille monoparentale, classe d'impôt 1a) bis zu duebel sou vill Steieren wéi eng bestuete/gepacste Koppel bezuelen. No der Steierreform 2017 gëtt den Ënnerscheet zum Deel nach méi grouss, trotz Abattementer a CIM, well d'Steierklass 2 zum Deel méi entlaascht gët wéi d'Steierklass 1a Beispill: En/g Elengerzéier/in bezuelt bei 50.000€ Brutoakommes 4.463€ Steieren, eng Koppel nëmmen 371€. 2. De „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) dierf net un d'Alimenter gekoppelt sinn, fir dat jiddwer Elengerzéier/in dovu ka profitéieren. De CIM soll Elengerzéier/innen finanziell entlaaschten. Je no Montant vun den Alimenter fir d'Kanner kann de CIM awer op 0,00€ erofgoen. De CIM bedréit no der Reform zwëschen 750€ a 1.500€ d'Joer, jee no Akommes, falls en net duerch d'Alimenter ganz ewegfällt. Dat ass net gerecht vis-à-vis vun enger Koppel mat 2 Akommes, well Si ka vun engem Abattement extra-professionnel vun 4.500€ profitéieren, ouni Récksiicht op d'Héicht vum Akommes. Doduerch huet eng Koppel bis zu duebel sou héich Steieravantagen wéi eng „Famille monoparentale“. 3. D'Abattementer fir „Familles monoparentales“ sollten duerch méi effektiv Steiererliichterungen ersat gin, well Abattementer deene Leit zegutt kommen, déi en héicht Akommes hunn. Koppelen ouni Kanner déi zu 2 schaffe gin, kënnen ouni Problemer vun den Abattementer profitéieren, während Familles monoparentales sech oft keng zousätzlech Ausgabe (Botzhëllef, Zousazpensioun...) leeschten kënnen, fir vun den Abattementer ze profitéieren. D'Iddi vun der Steierklass 2 ass jo, fir d'Famillen finanziell ze entlaaschten. Elengerzéier/inner mat engem oder méi Kanner sinn och eng Famill, gin awer net als Famill unerkannt a falen an d'Steierklass 1a. Si bezuele vill méi Steieren, zum Deel souguer souvill, dat hier Netto-Akommes inklusiv Kannergeld méi niddereg ass, wéi bei enger Koppel ouni Kanner. Firwat soll en Elengerzéier als Famill mat engem oder méi Kanner vill méi Steieren bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner. Eng Nobesserung fir d'Familles monoparentales muss ausgeschafft ginn, fir dat Gerechtegkeet an alle Gehälterklassen eng Realitéit ass. 4. Et ass wichteg dat ee wiele kann, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gët, well an den ennëschte Gehaltsklassen grouss Ënnerscheeder an de Steiertabelle sinn, a well en/g Elengerzéier/in déi 3 éischt Joer no der Scheedung/Trennung net vun de Viirdeeler vun der Steierklass 1a-monoparentale profitéiere kann.
The steps of this petition
Reclassification of the public petition, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition n°730, on 13-12-2016
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°730, on 13-12-02016 - Number of signatures after validation: 1009
The period for signing the public petition n°. 730 is closed on 07-12-2016 - Number of electronic signatures before validation: 1009
The public petition n°730 is open for signature, on 25-10-2016
The public petition n°730 is declared admissible by the Conference of Presidents on 20-10-2016
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 25-10-2016 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 06-12-2016 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 730, on 20-10-2016
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°730 is submitted the 19-10-2016
Title of the petition: Fir eng steierlech Entlaaschtung vun den Elengerzéier/innen (familles monoparentales)
Aim of the petition: Vis-à-vis vun enger Koppel gëtt eng „famille monoparentale" vill ze héich besteiert
Ech fuerderen
1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2
2. Ofkoppelung vum „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) vum Montant vun den Alimenter
3. Ersetzen vun zousätzlechen Abattementer fir „Familles monoparentales“ duerch méi effektiv Steiererliichterungen, z.B duerch d’Erhéige vum CIM
4. Méiglechkeet ze wielen, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gëtt.
Motivation of the general interest of the petition: Steiergerechtegkeet soll et an alle Situatiounen an an alle Steierklasse ginn.
1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2
Aus de Steiertabellen 2016 geet ervir, dat Elengerzéier/innen (Papp oder Mamm) (famille monoparentale, classe d'impôt 1a) bis zu duebel sou vill Steieren wéi eng bestuete/gepacste Koppel bezuelen. No der Steierreform 2017 gëtt den Ënnerscheet zum Deel nach méi grouss, trotz Abattementer a CIM, well d'Steierklass 2 zum Deel méi entlaascht gët wéi d'Steierklass 1a
Beispill:
En/g Elengerzéier/in bezuelt bei 50.000€ Brutoakommes 4.463€ Steieren, eng Koppel nëmmen 371€.
2. De „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) dierf net un d'Alimenter gekoppelt sinn, fir dat jiddwer Elengerzéier/in dovu ka profitéieren.
De CIM soll Elengerzéier/innen finanziell entlaaschten. Je no Montant vun den Alimenter fir d'Kanner kann de CIM awer op 0,00€ erofgoen.
De CIM bedréit no der Reform zwëschen 750€ a 1.500€ d'Joer, jee no Akommes, falls en net duerch d'Alimenter ganz ewegfällt.
Dat ass net gerecht vis-à-vis vun enger Koppel mat 2 Akommes, well Si ka vun engem Abattement extra-professionnel vun 4.500€ profitéieren, ouni Récksiicht op d'Héicht vum Akommes. Doduerch huet eng Koppel bis zu duebel sou héich Steieravantagen wéi eng „Famille monoparentale“.
3. D'Abattementer fir „Familles monoparentales“ sollten duerch méi effektiv Steiererliichterungen ersat gin, well Abattementer deene Leit zegutt kommen, déi en héicht Akommes hunn. Koppelen ouni Kanner déi zu 2 schaffe gin, kënnen ouni Problemer vun den Abattementer profitéieren, während Familles monoparentales sech oft keng zousätzlech Ausgabe (Botzhëllef, Zousazpensioun...) leeschten kënnen, fir vun den Abattementer ze profitéieren.
D'Iddi vun der Steierklass 2 ass jo, fir d'Famillen finanziell ze entlaaschten. Elengerzéier/inner mat engem oder méi Kanner sinn och eng Famill, gin awer net als Famill unerkannt a falen an d'Steierklass 1a. Si bezuele vill méi Steieren, zum Deel souguer souvill, dat hier Netto-Akommes inklusiv Kannergeld méi niddereg ass, wéi bei enger Koppel ouni Kanner.
Firwat soll en Elengerzéier als Famill mat engem oder méi Kanner vill méi Steieren bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner.
Eng Nobesserung fir d'Familles monoparentales muss ausgeschafft ginn, fir dat Gerechtegkeet an alle Gehälterklassen eng Realitéit ass.
4. Et ass wichteg dat ee wiele kann, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gët, well an den ennëschte Gehaltsklassen grouss Ënnerscheeder an de Steiertabelle sinn, a well en/g Elengerzéier/in déi 3 éischt Joer no der Scheedung/Trennung net vun de Viirdeeler vun der Steierklass 1a-monoparentale profitéiere kann.