Public n°1301

Petitioner: Romy Karier

Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter

Purpose of the petition

Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft. Déi nei Verkéierssituatioun soll: - d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass) - duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren) - d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank) - keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)

Reasons for the petition

D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.

This public petition did not reach the threshold of 4. 500 signatures. At the request of the petitioner, the public petition was transformed into an ordinary petition. Show ordinary petition.
ended  02.08.2019
388 /4.500
9%
registered signatures

The steps of this petition

Icon process
16.10.2019

Reclassification of the public petition, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition n°1301, on 16-10-2019

23.09.2019

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

18.09.2019

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1301, on 18-09-02019 - Number of signatures after validation: 388

18.09.2019

Validated paper signatures: 80

18.09.2019

Validated electronic signatures: 308

02.08.2019

The period for signing the public petition n°. 1301 is closed on 02-08-2019 - Number of electronic signatures before validation: 308

21.06.2019

The public petition n°1301 is open for signature, on 21-06-2019

20.06.2019

Statement of admissibility

20.06.2019

The public petition n°1301 is declared admissible by the Conference of Presidents on 20-06-2019

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 21-06-2019 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 02-08-2019 at 11:59 p.m.

19.06.2019

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1301, on 19-06-2019

Opinion of the Committee on Petitions: positive

03.06.2019

The petition public n°1301 is submitted the 03-06-2019

Title of the petition: Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter

Aim of the petition: Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft.

 

Déi nei Verkéierssituatioun soll:

 

- d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass)

 

- duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren)

 

- d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank)

 

- keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)

 

 

Motivation of the general interest of the petition: D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.