Ordinary n°2999

Petitioner: Bob Walisch

Garantéieren vun enger Policegarde zu Péiteng 24/7

Purpose of the petition

Gudde Moien, mäin Numm ass WALISCH Bob an zanter Abrëll 2021 sinn ech Awunner an der Gemeng Péiteng. Ech kontaktéieren iech bezüglech enger Propose fir d’Ännerung vun der Policegarde zu Péiteng. Wie lo rezent an den Norichten ze liese war ass et leider zu engem déidlechen Virfall ... more

Share petition

The steps of this petition

Icon process
14.03.2024

Transmission of the government's position paper to the petitioner

04.03.2024

A position statement regarding the ordinary petition n°2999 is available on 04-03-2024

Minister(s) : Monsieur Gilles Roth, Ministre des Finances

Prise de position gouvernementale
Prise de position gouvernementale
26.01.2024

A position statement is requested on the ordinary petition n°2999, on 26-01-2024

Minister(s) : Monsieur Léon Gloden, Ministre des Affaires intérieures

24.01.2024

The ordinary petition n°2999 is declared admissible by the Committee on Petitions, on 24-01-2024

Admissibility: admissible

26.12.2023

The petition ordinary n°2999 is submitted the 26-12-2023

Title of the petition: Garantéieren vun enger Policegarde zu Péiteng 24/7

Aim of the petition: Gudde Moien,

 

mäin Numm ass WALISCH Bob an zanter Abrëll 2021 sinn ech Awunner an der Gemeng Péiteng.

 

Ech kontaktéieren iech bezüglech enger Propose fir d’Ännerung vun der Policegarde zu Péiteng.

 

Wie lo rezent an den Norichten ze liese war ass et leider zu engem déidlechen Virfall komm an enger Disko zu Péiteng. Leider ass d’Kriminalitéit an d’Gewalt zu Péiteng an Emgeigend wie ech fannen mei ausgepräägt wie ob aneren Plazen vum Land. Et ass leider net di éischten Kéier desst Joer wou änlech Virfäll zu Péiteng geschéien, och wann et net ëmmer zu deenen trageschen Suite kennt wie uewen genannt.

 

Fir d’Sécherheet Daags iwwer ze garantéieren steet ons och zu Péiteng eng Police zur Verfügung.

 

Wie ob der Website vun der Police ze liesen ass sinn «Heures de Fonctionnement» vu Méindes-Freides jeeweils vu 7h00 bis 21h00.

 

Außerhalb vun deenen uewe genannten Auerzäiten ass dat hei de Fall « les interventions urgentes sont assurées par un commissariat à trois roulements ».

 

Lo froen ech mech wei dat ka sinn, dass zu Péiteng selwer , di 5 gréisst Gemeng vu Letzebeurg mat sengen 20500 Awunner Stand 2023 keng Policegarde an der Nuecht respektiv Weekends garantéiert ass?

 

Dofir meng konkret Propose Policegarde zu Péiteng 24/7 ze garantéieren fir den Awunner d’Sécherheet ze gin, der Kriminaliteit entgéint ze wierken a bei Interventiounen mei schnell ob der Platz ze sinn.

 

Bei weidere Froe stinn ech iech gear zu Verfügung

 

Mat beschte Gréiss

 

WALISCH Bob