Public n°1156

Petitioner: Mike Clemens

Fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Purpose of the petition

D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.

Reasons for the petition

Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat ... more

ended  31.01.2019
6562 /4.500
100%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
08.01.2020

An exchange of views took place on 08-01-2020 on the petition public n°1156

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
27.11.2019

An exchange of views took place on 27-11-2019 on the petition public n°1156

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
05.07.2019

The public petition no. 1156 was transferred to the parliamentary committee on the 05-07-2019

Parliamentary committees: Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Energie et de l'Aménagement du territoire

05.07.2019

A public debate in committee took place on 05-07-2019 about the public petition n°1156

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
14.02.2019

Validated electronic signatures: 6562

14.02.2019

The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°1156, on 14-02-2019

31.01.2019

The period for signing the public petition n°. 1156 is closed on 31-01-2019 - Number of electronic signatures before validation: 6752

20.12.2018

The public petition n°1156 is open for signature, on 20-12-2018

20.12.2018

Statement of admissibility

17.12.2018

The public petition n°1156 is declared admissible by the Conference of Presidents on 17-12-2018

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 20-12-2018 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 31-01-2019 at 11:59 p.m.

13.12.2018

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1156, on 13-12-2018

Opinion of the Committee on Petitions: positive

23.11.2018

The petition public n°1156 is submitted the 23-11-2018

Title of the petition: Fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Aim of the petition: D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.

Motivation of the general interest of the petition: Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden.

Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet.

Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.