Ëffentlech n°3058

Petitionnär/in: Steve Schmitz

Praisdeckelung fir Stroum an Gas oprecht erhalen

Zil vun der Petitioun

Eng Preisdeckelung fir Stroum an Gas an Brennes.. Et dierft wuel längst bekannt sen dass Praisser vum Stroum an Ölgiganten an onmeiglecht wuessen an dëst just dem Steierzueler schued... et as wichteg dës an nach anner Mesuren beizehalen fir den Fridden an d'Rou hei am Land ze garanteieren.  ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Wann een geseit ewei Praisdeirecht sech hei am Land entweckelt , muss een sech einfach Froe stellen op et net soulues ubruecht wier den Awunner, der Allgemengheet Zukunftsängscht zehuelen an hinen beizestoen . Genuug Milliounen fleissen an anner Projeten an dohier misst jo et meiglech sen ... méi

ofgelaf  25.04.2024
251 /4.500
6%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
26.04.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3058 z'ënnerschreiwen ass den 26-04-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 251

15.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3058 ka vum 15-03-2024 un ënnerschriwwe ginn

14.03.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.03.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3058 gouf den 14-03-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-03-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-04-2024 um 23h59

13.03.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-03-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3058 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

08.02.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3058 gouf den 08-02-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Praisdeckelung fir Stroum an Gas oprecht erhalen

Zil vun der Petitioun:

Eng Preisdeckelung fir Stroum an Gas an Brennes.. Et dierft wuel längst bekannt sen dass Praisser vum Stroum an Ölgiganten an onmeiglecht wuessen an dëst just dem Steierzueler schued... et as wichteg dës an nach anner Mesuren beizehalen fir den Fridden an d'Rou hei am Land ze garanteieren.

 

Et wier wichteg dës Mesuren beizebehalen fir d'Awunner vun onsem Land net nach mei an finanziel schweier Situatiounen ze brengen.. et herrscht well genuug Angscht an Onmut hei am Land.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Wann een geseit ewei Praisdeirecht sech hei am Land entweckelt , muss een sech einfach Froe stellen op et net soulues ubruecht wier den Awunner, der Allgemengheet Zukunftsängscht zehuelen an hinen beizestoen . Genuug Milliounen fleissen an anner Projeten an dohier misst jo et meiglech sen emol epes fir sein Land an seng Awunner zemaachen. Dei dei eis an der Chamber vertrieden an Regierung missten endlich ze verstoen kreien dass den Onmut an Angscht an eisem Land hei emmer mei grouss get an sech daad ganzt net zum Positiven entweckelt an soumaden och eisem Land an dessen Economie schued.