Ëffentlech n°3053

Petitionnär/in: Sandra Merenne

Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft

Zil vun der Petitioun

Zil vun dëser Petitioun ass et, dass Kanner, déi een Elterendeel verléieren, net zousätzlech vum Gesetz gestrooft ginn, andeems se wäertvoll Zäit mat hiren Eltere verléieren, respektiv just hallef sou oft "däerfen" krank ginn, wéi Kanner, déi nach béid Elterendeeler hunn. Am Fall wou een ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Vun engem Dag op deen ass d'Liewen anescht, an et muss een sech Gedanke maachen, iwwer Saachen, fir déi een an där Situatioun guer kee Kapp huet. Et steet ee beemol eleng do mat sengem klenge Kand, et huet ee vun engem Moment op deen anere säi Partner verluer a lo muss een sech iwwerleeën, ... méi

ofgelaf  25.04.2024
930 /4.500
21%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
26.04.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3053 z'ënnerschreiwen ass den 26-04-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 930

15.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3053 ka vum 15-03-2024 un ënnerschriwwe ginn

14.03.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.03.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3053 gouf den 14-03-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-03-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-04-2024 um 23h59

13.03.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-03-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3053 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

06.02.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3053 gouf den 06-02-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft

Zil vun der Petitioun: Zil vun dëser Petitioun ass et, dass Kanner, déi een Elterendeel verléieren, net zousätzlech vum Gesetz gestrooft ginn, andeems se wäertvoll Zäit mat hiren Eltere verléieren, respektiv just hallef sou oft "däerfen" krank ginn, wéi Kanner, déi nach béid Elterendeeler hunn.

 

Am Fall wou een Elterendeel stierft, fält nämlech hei zu Lëtzebuerg vun haut op muer den ,,Congé parental" wech an et kann ee kucken, wéi een sech vun haut op muer an enger souwisou schonn onméiglecher Situatioun mat sengem Kand organiséiert kritt.

 

Di nämmlecht Situatioun trëfft och op de "Congé pour raisons familiales" zou: Wärend ee Kand mat 2 Elterendeeler an deenen éischten 3 Joer vun 2 x 12 Deel profitéiert, "däerf" ee Kand, wat schonn de Pech hat een Elterendeel ze verléieren, just 1 x 12 Deeg krank ginn. Amplaz dass Leit a sou enger Situatioun Ënnerstëtzung kréien, ginn se vum Gesetz hier zousätzlech benodeelegt.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vun engem Dag op deen ass d'Liewen anescht, an et muss een sech Gedanke maachen, iwwer Saachen, fir déi een an där Situatioun guer kee Kapp huet. Et steet ee beemol eleng do mat sengem klenge Kand, et huet ee vun engem Moment op deen anere säi Partner verluer a lo muss een sech iwwerleeën, wéi ee säi Kand versuergt kritt, wat am Fong nach eng Rei Méint mat dem aneren Elterendeel hätt sollen doheem sinn an do gutt versuergt ginn. Mam Doud verfält hei zu Lëtzebuerg automatesch de Congé parental an ouni Virbereedung op di Situatioun ass di sécher Betreiung vum eegene Kand net méi garantéiert. Net jiddereen huet an deem Moment di Chance déi ech dee Moment hat, fir kennen op d'Grousseltere vum Kand zréckzegräifen, an sou di schwéier Situatioun trotzdeem gestemmt ze kréie mat allem aneren, wat do op een duerkënnt.

De congé pour raisons familiales wier hei zu Lëtzebuerg streng un eng Persoun gebonnen a kéint och mam Doud vun engem Elterendeel net op deen aneren Elterendeel iwwerdroe ginn, gouf mir op Nofro hi gesot. Em ween geet et dann? Et gëtt iwwerall vum Wuel vun de Kanner geschwat, wou ass dann hei d'Wuel vum Kand am Vierdergrond?

Leit, déi vun haut op muer eleng do stinn an net d'Méiglechkeet hunn, op Famill zréckzegräifen, sinn forcéiert, bannent kierzester Zäit eng Betreiungsstruktur fir hiert Kand ze fannen, déi se sech ënner Ëmstänn eleng guer net méi leeschte kennen.

 

Als elengerzéiend Eltere gëtt engem dann och nach gesot, dass dat eegent Kand am Fong Interêt huet, nëmmen hallef sou oft krank ze ginn, wéi ee Kand, wat nach béid Elteren huet. Well schliisslech kritt den elengerzéienden Elterendeel mam Doud vum Partner och dem säin Deel "congé pour raisons familiales" wechgeholl.