Ëffentlech n°2986

Petitionnär/in: Misch Hendrickx

Duerch de Pacte Civil de Solidarité (PACS) autoriséiert sinn d’Anäscherung vum verstuerwenen Conjoint z’ënnerschreiwen.

Zil vun der Petitioun

Eng Adaptatioun vum Gesetz, wat dem Partner erlaabt d’Anäscherung vum Verstuerwenen z’ënnerschreiwen. Et soll fir eng Koppel, déi zum Zäitpunkt vum Doud gepacst ass, méiglech sinn, datt ee fir den aneren d’Geneemegung fir eng Verbrennung beim Officier de l‘État Civil ufroe kann.

Motivatioun vun der Petitioun

D’Verbrennung an de PACS ginn ëmmer méi geleefeg an et ass wichteg de Leit déi néideg Méiglechkeet ze ginn, och iwwert den Doud vum Conjoint ewech de leschte Wonsch ëmzesetzen. Am Géigesaz zu enger Hochzäit ass de PACS relativ schnell opgeléist, wat dorop schléisse léisst, datt Koppel zum ... méi

ofgelaf  19.04.2024
35 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
20.04.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2986 z'ënnerschreiwen ass den 20-04-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 35

09.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2986 ka vum 09-03-2024 un ënnerschriwwe ginn

08.03.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

08.03.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2986 gouf den 08-03-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-03-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-04-2024 um 23h59

07.03.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-03-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2986 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

15.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2986 gouf den 15-12-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Duerch de Pacte Civil de Solidarité (PACS) autoriséiert sinn d’Anäscherung vum verstuerwenen Conjoint z’ënnerschreiwen.

Zil vun der Petitioun: Eng Adaptatioun vum Gesetz, wat dem Partner erlaabt d’Anäscherung vum Verstuerwenen z’ënnerschreiwen. Et soll fir eng Koppel, déi zum Zäitpunkt vum Doud gepacst ass, méiglech sinn, datt ee fir den aneren d’Geneemegung fir eng Verbrennung beim Officier de l‘État Civil ufroe kann.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’Verbrennung an de PACS ginn ëmmer méi geleefeg an et ass wichteg de Leit déi néideg Méiglechkeet ze ginn, och iwwert den Doud vum Conjoint ewech de leschte Wonsch ëmzesetzen.

Am Géigesaz zu enger Hochzäit ass de PACS relativ schnell opgeléist, wat dorop schléisse léisst, datt Koppel zum Zäitpunkt vum Doud nach frou matenee war an dem Conjoint survivant d’Vertrauen hannerléisst fir d’Entscheedung iwwert d’Funérailles ze treffen. De PACS ass zwar net dat selwecht wéi d‘Bestietnis, gëtt awer als „mention ultérieure“ op de Gebuertsschäi vun den zwee Conjointe geschriwwen. Deemno huet een déi selwecht Preuve fir eng Verbrennung kënnen unzefroen, wéi bei enger bestueter Koppel och.