Ëffentlech n°2972

Petitionnär/in: Charles Trufelli

Petitioun geint den absolut iwwerdriwwenen konstanten Wahn no neien Petitiounen

Zil vun der Petitioun

Den eigentlechen But vun den Petitiounen sollt io sinn gudd Ideen dei dem allgemengen Wuelbefannen hellefen kennen an den Vierdergrond ze brengen. Se sollten eigentlech net do sinn fier sech iwwer Sachen opzereegen un deenen een sech perseinlech steiert, dofier gett et Facebook an ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Den But vun der Petitioun ass dass an Zukunft och effektiv Themen behandelt ginn dei relevant fier d'Liewen an eiser Gesellschaft sinn an ze éviteiren dass des Website zu enger Unsammlung vun perseinlechen Frustratiounen verkennt.

ofgelaf  19.04.2024
119 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
20.04.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2972 z'ënnerschreiwen ass den 20-04-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 119

09.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2972 ka vum 09-03-2024 un ënnerschriwwe ginn

08.03.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

08.03.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2972 gouf den 08-03-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-03-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-04-2024 um 23h59

07.03.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-03-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2972 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

08.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2972 gouf den 08-12-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Petitioun geint den absolut iwwerdriwwenen konstanten Wahn no neien Petitiounen

Zil vun der Petitioun: Den eigentlechen But vun den Petitiounen sollt io sinn gudd Ideen dei dem allgemengen Wuelbefannen hellefen kennen an den Vierdergrond ze brengen. Se sollten eigentlech net do sinn fier sech iwwer Sachen opzereegen un deenen een sech perseinlech steiert, dofier gett et Facebook an d'Kommentarsektioun vun RTL.lu. Et wier vlait un der Zeit d'Kritèren fier Petitiounen ze iwwerdenken.

 

Den Haaptausleiser fier des, war eng Petitioun, wou den Inhaber vun enger Firma den Télétravail well verbidden lossen. Réel Grenn ginn keng genannt, d'Persoun well just een legalen Kader hunn fier seng Aarbeschter ze zwengen vum Büro aus mussen ze schaffen. Dest ass NET den Senn vun enger Petitioun, an duerch des an aaner aehnlech sennloss Petitiounen ginn dei richteg am ganzen Chaos enner.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den But vun der Petitioun ass dass an Zukunft och effektiv Themen behandelt ginn dei relevant fier d'Liewen an eiser Gesellschaft sinn an ze éviteiren dass des Website zu enger Unsammlung vun perseinlechen Frustratiounen verkennt.