Ëffentlech n°2149

Petitionnär/in: Luca Colling

Fakultativ Walrecht ab 16 Joer

Zil vun der Petitioun

D'Zil vun dëser Petitioun ass et nach eemol Gehéier bei eiser Politik ze areechen, soudass mat vill Chance déi Jonk ab 16 kënne wiele goen, dëst soll awer net obligatoresch sinn.

Motivatioun vun der Petitioun

Fir d'éischt well gesot sinn, dass et des Petitioun virun e puer Joer scho gouf, ma huet sech d'Situatioun an Europa geännert. Zanter dem 08. Dezember 2021 huet Däitschland eng nei Regierung, an déi well gären d'Walrecht ab 16 aféieren, ma fir wat dann net hei? Lëtzebuerg huet vill ... méi

ofgelaf  27.01.2022
175 /4.500
4%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
04.05.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
27.04.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 ass den 27-04-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

03.03.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

02.03.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2149 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 175

02.03.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 175

28.01.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2149 z'ënnerschreiwen ass den 28-01-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 175

17.12.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2149 ka vum 17-12-2021 un ënnerschriwwe ginn

15.12.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

15.12.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 gouf den 15-12-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-12-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-01-2022 um 23h59

14.12.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 14-12-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

10.12.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2149 gouf den 10-12-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fakultativ Walrecht ab 16 Joer

Zil vun der Petitioun: D'Zil vun dëser Petitioun ass et nach eemol Gehéier bei eiser Politik ze areechen, soudass mat vill Chance déi Jonk ab 16 kënne wiele goen, dëst soll awer net obligatoresch sinn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Fir d'éischt well gesot sinn, dass et des Petitioun virun e puer Joer scho gouf, ma huet sech d'Situatioun an Europa geännert.

Zanter dem 08. Dezember 2021 huet Däitschland eng nei Regierung, an déi well gären d'Walrecht ab 16 aféieren, ma fir wat dann net hei?

 

Lëtzebuerg huet vill engagéiert Jonker, déi am Jugendparlament, de Jugendparteien an an ONG'en aktiv sinn. Amplaz d'Politik ëmmer nëmme kënnen ze kritiséiere sollen och sinn d'Méiglechkeet kréien ab 16 Joer ze wielen.

 

Konkret soll et awer keng Walflicht ab 16 sinn, mee eng fakultativ, dat heescht déi déi wiele wëlle goen, kënnen dat maachen, an déi déi'en net wiele wëllen, mussen dat dann och net maachen.