Ëffentlech n°2061

Petitionnär/in: Jules Clement

Ënnerstëtzung fir d'Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn

Zil vun der Petitioun

D'Zil vun der Petitioun ass, dass déi Elteren eng finanziell Bäihellef solle kréien, deenen hier Kanner net an eng Maison relais ginn an/oder deenen hier Kanner all Dag doheem oder bei engem aanere Familljemember (Grousselteren, Tatta oder Monni asw.) mëttes z'iesse kréien. Dëst och als ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

An der Ried zur Lag vun der Natioun vum 12. Oktober 2021 wou ënnert Aanerem matgedeelt gouf, dass d'Maison relais'en ab der Rentrée 2022-2023 vu moies 7 bis owes 7 solle gratis ginn, grad esou wéi d'gratis Mëttegiesse fir d'Kanner an der Grondschoul an am Lycée, wat secherlech Mesuren sinn ... méi

ofgelaf  02.12.2021
4879 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
05.05.2022

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 05-05-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2061

09.02.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2061 huet den 09-02-2022 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

09.02.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4879

03.12.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2061 z'ënnerschreiwen ass den 03-12-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4935

22.10.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2061 ka vum 22-10-2021 un ënnerschriwwe ginn

21.10.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

21.10.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2061 gouf den 21-10-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-10-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-12-2021 um 23h59

20.10.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 20-10-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2061 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

14.10.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2061 gouf den 14-10-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Ënnerstëtzung fir d'Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn

Zil vun der Petitioun: D'Zil vun der Petitioun ass, dass déi Elteren eng finanziell Bäihellef solle kréien, deenen hier Kanner net an eng Maison relais ginn an/oder deenen hier Kanner all Dag doheem oder bei engem aanere Familljemember (Grousselteren, Tatta oder Monni asw.) mëttes z'iesse kréien. Dëst och als Motivatioun fir dass nach méi Elteren sech géifen fir een Travail à temps partiel entscheeden fir méi Zäit mat hiere Kanner ze verbréngen. Schliesslech gëtt och vill Geld agespuert, bei Infrastruktur- a Fonctionnementskäschten vun de Maison relais'en, duerch déi Elteren déi hier Kanner doheem versuergen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: An der Ried zur Lag vun der Natioun vum 12. Oktober 2021 wou ënnert Aanerem matgedeelt gouf, dass d'Maison relais'en ab der Rentrée 2022-2023 vu moies 7 bis owes 7 solle gratis ginn, grad esou wéi d'gratis Mëttegiesse fir d'Kanner an der Grondschoul an am Lycée, wat secherlech Mesuren sinn déi ze begréissen sinn, mee wou deene Leit déi hier Kanner doheem versuergen an doheem fir hier Kanner kachen, net Rechnung gedro gëtt.

Als Kompensatioun sollten déi Leit dann och eng ähnlech finanziell Bäihëllef kréien.