Déi ëffentlech Petitioun Nr. 365 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 14
Reklassement: ze reklasséieren
Vun ALPHONSE JAERLING
Den Artikel 23 vun der lëtzebuerger Verfaassung garantéiert Gratuitéit vun der Primärschoul sou wéi den fräien Zougang zum Primärunterrecht. Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, och d'Gratuitéit fir den Secondär Unterrecht, technesch an klassesch, verfaassungsrechtlech am Artikel 23 vun der Verfaassung ze garantéieren. Den Arbechtsmoart verlangt ëmmer méi Qualifikatioun vun den Salarieeën an och d'Regierung fuerdert d'Bierger, besonnesch déiJonkop, sëch en Maximumun un Qualifikatioun unzeeegenen. Den techneschen an den klasseschen Unterrecht am Sekondär, ass awer nët gratis, sou wéi daat beim Primär de Fall ass. Obwuel dass et Moossnahmen gett, fir manner bemëttelt Familjen déi hir Kanner an den Sekondär schécken, ënner 'Ärmze greifen, sinn d'Chargen, besonnesch fir Familjen ma méi Kanner, nach vill ze héich. Wa mer gären hätten, dass all Kand soll d'Chance hunn fir sech am Sekondär weider ze bilden, da muss deen esou organiséiert ginn, dass d'Familjen keng zousätzlech Chargen hunn. Et kann nët sinn, dass vun den Jonken ëmmer méi Qualifikatioun verlangt gëtt, den Wee dohinner awer duerch finanziell Contrainten verbaut gett.
Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.Reklassement: ze reklasséieren
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-05-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-07-2014 um 23h59
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
Titel vun der Petitioun: Gratuitéit vum sekondären Unterrecht, technesch an klassesch, am Artikel 23 vun der Verfaassung verankeren.
Zil vun der Petitioun: Den Artikel 23 vun der lëtzebuerger Verfaassung garantéiert Gratuitéit vun der Primärschoul sou wéi den fräien Zougang zum Primärunterrecht.
Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, och d'Gratuitéit fir den Secondär Unterrecht, technesch an klassesch, verfaassungsrechtlech am Artikel 23 vun der Verfaassung ze garantéieren.
Den Arbechtsmoart verlangt ëmmer méi Qualifikatioun vun den Salarieeën an och d'Regierung fuerdert d'Bierger, besonnesch déiJonkop, sëch en Maximumun un Qualifikatioun unzeeegenen. Den techneschen an den klasseschen Unterrecht am Sekondär, ass awer nët gratis, sou wéi daat beim Primär de Fall ass.
Obwuel dass et Moossnahmen gett, fir manner bemëttelt Familjen déi hir Kanner an den Sekondär schécken, ënner 'Ärmze greifen, sinn d'Chargen, besonnesch fir Familjen ma méi Kanner, nach vill ze héich. Wa mer gären hätten, dass all Kand soll d'Chance hunn fir sech am Sekondär weider ze bilden, da muss deen esou organiséiert ginn, dass d'Familjen keng zousätzlech Chargen hunn.
Et kann nët sinn, dass vun den Jonken ëmmer méi Qualifikatioun verlangt gëtt, den Wee dohinner awer duerch finanziell Contrainten verbaut gett.
Facebook
Whatsapp
E-Mail